Nach Genre filtern
- 35 - Episod 34: Bobycar or Bobylegend?
E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.
Fri, 25 Feb 2022 - 34 - Episod 33: Vitaminn D
De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.
Fri, 04 Feb 2022 - 33 - Episod 32: Ma da kna dach!
De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.
Fri, 14 Jan 2022 - 32 - Episod 31: a-sozial
De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.
Thu, 09 Dec 2021 - 31 - Episod 30: Vum Soen héieren
De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.
Tue, 23 Nov 2021 - 30 - Episod 29: D’Ee Prozent Episod
Wat kéint et mat der Ee Prozent Episod vum Serrig an David opsech hunn? Gi geschwënn d’Luuchte vum Handy aus, hu si eng nei Partei gegrënnt a striewen 2023 ee Prozent un oder geet et ëm e Buch? Gitt dëst a villes méi an der neier Episod Juuubel gewuer. Doniewent geet et awer och ëm eng Pizza, e Béier an e Kondom deen ewéi eng Schwammkap ass.
Fri, 22 Oct 2021 - 29 - Episod 28: Räismëllech Mëllechräis
De Serrig an den David si prett fir d’Enn vum Joer, loossen sech hire Räismëllech Mëllechräis awer och net huelen. Doniewent ass den David op der Sich no der Post, de Serrig verréit säin Danzgeheimnis an de Xavier Bettel kritt och seng Plattform an der neister Episod Juuubel.
Thu, 30 Sep 2021 - 28 - Episod 27: Frites de Namur
An der éischter Episod no der Summerpaus beschäftegt de Serrig & David virun allem een Theema, d’Theema vum Summer: dat kackt Wieder zu Lëtzebuerg. Donieft geet et extra op Namur fir déi beschte Fritten aus der Belsch z’iessen, just fir eraus ze fannen, datt déi guer net esou besonnesch sinn. De Serrig erzielt iwwerdeems vu sengem neien Iessensexperiment a senge positive Konsequenzen. Alles dozou, a wat hie mat Lachgas wëlles huet, héiert dir an der neier Episod Juuubel.
Thu, 09 Sep 2021 - 27 - Episod 26: Summerfeeling
De Serrig & David wiere keng gutt Synchronsprénger, do sinn si sech eens. An der neister Juuubel Episod gitt dir iwwerdeems gewuer wien vun deenen Zwee beim Kappsprong wuel éischter mam Bauch opkomme géif. Doriwwer eraus huet dem Serrig seng Impfsaga en Enn. Den Handykomsun, de Feeling vum Summer, deen an der Loft läit an natierlech och d’Fussball Europameeschterschaft si weider Theemen. Lauschter eran, wann dir wësse wëllt wien hir Favoritte sinn.
Thu, 01 Jul 2021 - 26 - Episod 25: Smörrebröd
De Serrig an den David schwätzen iwwert Iesskulturen, den David a säi Fësch, d’Iwwerschwemmungen am Land an ee vu sengem Serrig sengen absolute Liblingsfilmer. Och hir lescht Radiosendung zesummen ass en Theema.
Fri, 11 Jun 2021 - 25 - Episod 24: De Schnelltest-Fail
De Serrig erzielt vu sengem éischten Erliefnes am Restaurant a senge Schwieregkeete mam Schnelltest, wärend den David e Fazit aus senger éischter Impfung zitt. Doniewent froen déi Zwee sech op d’Impfung iwwerhaapt wierkt, wann een op déi obligatoresch Impf-Foto dono verzicht?
Thu, 20 May 2021 - 24 - Episod 23: Barbie & Ken
Wann de Serrig an den David iwwert Dokter Sommer, d’Barbie an de Ken an d’Melusina schwätzen, dann ass et genee esou verréckt wéi an ale Radioszäiten. Doniewent schwätze si vun hirem éischte Besuch op der Terrass, d’Impfung an iwwert d’Léift, déi wéi eng Drog ass.
Fri, 30 Apr 2021 - 23 - Episod 22: Mahalu
De Serrig an den David feieren d’Ouverture vun den Terrassen, verbonne mam Schnéi an der äiseger Keelt zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwert d’Gesondheet vun der Gesondheetsministesch. Doniewent kommen Auswandergedanken op, a si froen sech wat e Schwangerschaftstest bei engem Mann kann ausléisen.
Fri, 09 Apr 2021 - 22 - Episod: 21 Läichen am Keller
De Serrig an David schwätzen iwwert hir Concertserfarungen, grouss Nimm déi si interviewt a live gesinn hunn. Ma och déi fuerchtbar séier Impfcampagne zu Lëtzebuerg, wéi och e Geheimtipp fir méi séier un d’Rei ze kommen, sinn en Theema. A si Zwee maachen eng Doftanalys an erklären Iech wisou äre Parfum Geldverschwendung ass!
Fri, 19 Mar 2021 - 21 - Episod 20: De gëllene Fausti
De Serrig an den David schwätzen iwwert eng Lëtzebuerger Ikon, déi eis verlooss huet an erzielen hir Fausti-Anekdot. Doniewent lafen d’Orangen iwwert de Maart an et geet bis op Randschelt meditéieren. Och eng Oktopus-Doku - wien wonnert et - an den neien Obama-Podcast sinn Theema.
Fri, 26 Feb 2021 - 20 - Episod 19: The flying Dog
De Serrig war an d’Sonn an den David freet sech op de Super Bowl. Dat hält déi Zwee awer net dovun of an hirem Podcast iwwert fléiend Hënn, Oktopussen, eng Banannerepublik, e Corona-Anal-Test an eng Nuddel-Chartbreaker-Traditioun ze schwätzen.
Thu, 04 Feb 2021 - 19 - Episod 18: Under Construction
An hirer éischter Episod vum neie Joer schwätzen de Serrig an den David iwwert Silvester am Bett, Leit déi mam gudde Beispill misste virgoen, 10 Liter Glühwäin an den eelste Bam vu Lëtzebuerg!
Thu, 14 Jan 2021 - 18 - Episod 17: Chrëschtdag oder Sex?
An hirem leschte Podcast vum Joer kucken de Serrig an den David op déi Spréch zeréck bei deenen ee net weess, ob Chrëschtdag oder Sex gemengt ass. Ma och d'Aweiung vum Tram, eng Wëndel an d’Thema Ersetzen an de Schoule ginn ugeschwat.
Thu, 17 Dec 2020 - 17 - Episod 16: De Fitness Home Office!
De Serrig an den David bréngen de Fitnessstudio bei Iech heem. Donieft ënnerhale si sech iwwert hire Moien um Maart, Star Wars ass en Thema wéi och d’Disko, déi mam Alter zu Apdikt gëtt. A wann dir da nach net genuch sollt hunn, da lauschtert dem David senger Bluttspender-Panne no. Um Enn dierf dir dann och de Kleesche matsangen.
Thu, 03 Dec 2020 - 16 - Episod 15: Ëmgedréinte Mikrowell
De Serrig presentéiert d’Erfindung vum Joer, wärend den David wéi den Donald Trump ass a seng Néierlag - am Schnick-Schnack-Schnuck - net wëll agesinn! Si diskutéieren iwwert d’Stonnen déi Männer op der Toilette verbréngen, wullen a Vinyls-Placken an eng al Radio-Geschicht iwwert en Espresso an e Feieralarm ass och Thema..!
Thu, 19 Nov 2020 - 15 - Episod 14: Ass et eng Buermaschinn oder e Fliger?
De Serrig an den David setze béid rëm am Home Office an hunn e puer Internetschwieregkeeten. Huet villäicht een den Internet mat der Buermaschinn gekappt..? Donieft stellen déi sech d’Fro wéi si als Pilote géifen ukommen…? Brong Kéi an d’Amerikaner sinn och en Thema.
Fri, 06 Nov 2020 - 14 - Episod 13: Episod wéi vill..?
E Skandal an der Kaffiswelt gëtt opgedeckt! Dobäi mierkt den David, datt de Serrig hien vermësst. An déi Zwee erënnere sech un hier Dommheeten aus der Schoulzäit zeréck. Op si e gutt Virbild waren...?
Thu, 22 Oct 2020 - 13 - Episod 12: D'Igel-Retter
De Serrig an den David entpuppe sech als Déierefrënn. Virun allem d'Kéiseker hunn hinnen et ugedoen. Si schwätzen iwwert Covid-Léift, Hoer déi eis Miere retten an den David erzielt fir déi gefillten éischte Kéier a sengem Liewen e Witz!
Thu, 08 Oct 2020 - 12 - Episod 11: Listen, the restart
De Serrig an den David tauschen sech no enger langer Summerpaus fir eng éischte Kéier mol rëm aus. Dobäi hëlt hiert Gespréich eng sexuell Richtung an, déi esou net geplangt war. Och Las Vegas a seng gëlle Reegel: "What happens in Vegas stays in Vegas", sinn en Thema.
Thu, 24 Sep 2020 - 11 - Episod 10: Drénks de Mousel?
De Serrig an den David ginn iech alternativ Spiller fir doheem am Gaart oder op enger flotter Wiss. Vu Risemikado bis Wikingerschach alles dobäi. Donieft stelle sech si sech der Aventure Autokino a si geheien op der Mousel den Anker.
Fri, 31 Jul 2020 - 10 - Episod 9: De klenge LennyThu, 16 Jul 2020
- 9 - Episod 8: Diego
Endlech! De Serrig & David hu sech no Méint vum Confinement endlech rëm getraff. Dobäi hu si bal vergiess e Podcast opzehuelen. Vun hirem Format "Mini-Podcast" ass dann ausnamsweis och keng Ried méi. An dëser Episode léier dir iwwerdeems den Diego kennen!
Thu, 02 Jul 2020 - 8 - Episod 7 - Macrophilia
An der 7. Episod vu Juuubel geet et ëm d’Zäit an eng Lokomotiv. Ma Villes dréint sech ëm e Sexpodcast a Fetischen! Vu Macrophilia iwwer Salirophilie bis hin zu der Nasophilie gëtt alles thematiséiert. Wéi ee Fetisch hutt dir…?
Thu, 18 Jun 2020 - 7 - Episod 6 - Happy Hour
De Serrig & David huelen Iech an dëser Editioun mat op d’Terrass, stelle sech ganz fréi de Wecker a ginn Iech e gudde Grond wisou ee net mam Toilettëpabeier spille sollt.
Thu, 04 Jun 2020 - 6 - Episod 5 - Back To Radio
E Joer no hirer leschter Radioshow, kucken de Serrig & den David op hir gemeinsam Zäit zréck. Et geet ëm grouss Momenter, ma awer och ëm Nervositéit, Gedanken an der Dusch a villes méi. Um Enn vum Podcast huet de Serrig eng ganz geckeg Iddi.
Thu, 21 May 2020 - 5 - Episod 4 - Loco Moco
An der 4. Episod vu Juuubel plangen de Serrig an den David eng “Reunion”. Et gëtt awer och kulinaresch. De Serrig hëlt Iech mat a seng Tru.
Thu, 07 May 2020 - 4 - #Special - De Feierstorch Kapitel 9
Juuubel gouf nominéiert vum Gudden Noper fir dat 9. Kapitel vum Feierstorch ze spannen. Also huele mer iech mat op d'Rees vum Feierstorch, dem Raym an dem Janine a kucke wat den Hexemeeschter hinnen erzielt......fir Kapitel 10 nominéieren mir Ham,Fritten & Zaldot
Mon, 27 Apr 2020 - 3 - Episod 3 - Vum Alchimist bis an d'Sandkëscht
Woch 5 vun der Quarantän. An dëser Episode liwwert de Serrig eng Rëtsch weltbeweegend Buch-Tipps, wärend den David sech e Stéck Mier an de Gaart geholl huet.
Thu, 23 Apr 2020 - 2 - Episod 2 - Quarantän & Zellerie
Episode 2 ass ënnert komesche Konditiounen entstanen. qDéi aktuell Situatioun kann een elo als Obstakel gesinn oder... Den David am Hiem an de Serrig ënnert der Decken....maacht iech et gemittlech........Juuubel!!!!
Wed, 08 Apr 2020 - 1 - Episod 1 - Nostalgie a Background Wëssen
No 8 Méint ouni Mikro si se e bëssen nostalgesch, spillen eng Partie Schnick Schnack Schnuck, labberen iwwert Goldfësch a philosophéieren iwwert d'Liewen. Juuubel!!!! De Podcast mam Serrig a mam David.
Thu, 12 Mar 2020
Podcasts ähnlich wie Juuubel
- Global News Podcast BBC World Service
- Kriminálka Český rozhlas
- El Partidazo de COPE COPE
- Herrera en COPE COPE
- The Dan Bongino Show Cumulus Podcast Network | Dan Bongino
- Es la Mañana de Federico esRadio
- La Noche de Dieter esRadio
- Hondelatte Raconte - Christophe Hondelatte Europe 1
- Affaires sensibles France Inter
- La rosa de los vientos OndaCero
- Más de uno OndaCero
- La Zanzara Radio 24
- Espacio en blanco Radio Nacional
- Les Grosses Têtes RTL
- L'Heure Du Crime RTL
- El Larguero SER Podcast
- Nadie Sabe Nada SER Podcast
- SER Historia SER Podcast
- Todo Concostrina SER Podcast
- 安住紳一郎の日曜天国 TBS RADIO
- The Tucker Carlson Show Tucker Carlson Network
- 辛坊治郎 ズーム そこまで言うか! ニッポン放送
- 飯田浩司のOK! Cozy up! Podcast ニッポン放送
- 武田鉄矢・今朝の三枚おろし 文化放送PodcastQR