Podcasts by Category
- 1713 - Lex Delles
No der "nationaler Consultatioun" iwwer den Ausbau vun den erneierbaren Energien zu Senneng: Froen un den Energieminister.
Thu, 14 Nov 2024 - 1712 - Claude Reuter
De President vun der Gewerkschaft vun de Gemengebeamten FGFC mat Suergen ëm den TICE an Onverständnis iwwer en Accord salarial, deen nach ëmmer net ëmgesat ass.
Wed, 13 Nov 2024 - 1711 - Tilly Metz
De Maurice Molitor freet déi gréng Europadeputéiert, wéi d'Auditioune vun den designéierten EU-Kommissäre verlaf sinn.
Tue, 12 Nov 2024 - 1710 - Pierre Jaeger
De Maurice Molitor schwätzt mam President vun der Copas iwwer d'Problemer, déi et am Secteur vun der Fleeg ginn, fir genuch Mataarbechter ze fannen.
Mon, 11 Nov 2024 - 1709 - Jean Asselborn
Bréngt den Donald Trump als neien US-President d'Weltuerdnung endgülteg duercherneen? A wat ass vun Neiwalen an Däitschland ze erwaarden? Dat freet d'Christiane Kleer de fréieren LSAP-Ausseminister Jean Asselborn.
Fri, 08 Nov 2024 - 1708 - Charles Goerens
Wéi sollen d'Europäer mam designéierten US-President Donald Trump ëmgoen? A wat bedeit d'Enn vum der Ampel-Koalitioun an Däitschland? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam liberalen Europadeputéierten.
Thu, 07 Nov 2024 - 1707 - Robert Harmsen
De Robert Harmsen ass Politikwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg, hien ass do och Dekan vun der Fakultéit vun de Sciences humaines, an den Erzéiungs-a Sozialwëssenschaften. Mat him beliichte mir déi neiste Resultater vun den US-Walen.
Wed, 06 Nov 2024 - 1706 - Claudine Backes
Enger Etüd vum Luxembourg Institute of Health no ginn et manner Stierffäll wéinst Kriibs. Wat dat am Detail bedeit, erkläert déi wëssenschaftlech Direktesch vum Kriibsregëster a Co-Auteure vun der Etüd.
Tue, 05 Nov 2024 - 1705 - Serge Wilmes
Mam CSV-Ëmweltminister schwätze mir iwwer d'Resultater vun der COP16 an d'Biodiversitéit hei am Land.
Mon, 04 Nov 2024 - 1704 - Thomas Lentz
D'Fedas wëllt sech an Zukunft méi politesch äusseren. Probéiert d'Federatioun vun de sozialen Acteuren d'Caritas esou ze ersetzen? Mir froen hire Generalsekretär.
Thu, 31 Oct 2024 - 1703 - Steve Martellini
D'Liwwerplattform Goosty ass faillite. Wéi vill leiden d'Restauranten dodrënner? Mir froen de Generalsekretär vun der Horesca.
Wed, 30 Oct 2024 - 1702 - Romain Wolff
Mir froen de President vun der CGFP, wéi eng Roll d'Staatsbeamtegewerkschaft am Debat ëm d'Pensioune wëllt spillen.
Tue, 29 Oct 2024 - 1701 - Jürgen Junk
De Klimatolog vum LIST huet gehollef eng detailléiert Klimakaart vun de Südgemengen auszeschaffen. Wat verréit déi Kaart eis?
Mon, 28 Oct 2024 - 1700 - Laurence Zenner
D'Tariffer fir d'Stroumnetz gi vum 1. Januar un anescht berechent. Mir froen d'Direktesch vun der CREOS, op de Stroum doduerch méi déier gëtt.
Fri, 25 Oct 2024 - 1699 - Kimon Leners a Gianni Di Paoli
Wéi positionéieren d'Studenten a Studentinne sech an der Rentendebatt? Dat froe mir déi zwee Vertrieder vum Studentenverband ACEL.
Thu, 24 Oct 2024 - 1698 - Djuna BernardWed, 23 Oct 2024
- 1697 - Dr. Nathalie RauschTue, 22 Oct 2024
- 1696 - Tom Haas
Froe vum Maurice Molitor un de neien Direkter vum STATEC, deen an e puer Deeg d'Nofolleg vum Serge Allegrezza iwwerhëlt.
Mon, 21 Oct 2024 - 1695 - Marc Spautz
Wéi kommentéiert den CSV-Fraktiounschef d'Tensiounen tëscht dem Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschaften?
Fri, 18 Oct 2024 - 1694 - Claude Christnach
Nom Zodi aus de leschte Méint huet den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer ugekënnegt, keen 3. Mandat un der Spëtzt vun der Schoul unzestriewen.
Thu, 17 Oct 2024 - 1693 - Georges Mischo
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert den Aarbechtsminister op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.
Wed, 16 Oct 2024 - 1692 - Timothée Parrique
De franséischen Ekonomist vertrëtt déi fir Leit vu sengem Fach iwwerraschend Thes, dass eis Wirtschaft éischter gebremst gi misst wéi dass se ëmmer weider wuesse soll.
Tue, 15 Oct 2024 - 1691 - Stéphanie EmpainMon, 14 Oct 2024
- 1690 - Constance Uyttebrouk
De Liewensstandard geet erop, an trotzdeem ass den Impakt vun de Logementspräisser zu Lëtzebuerg am Verglach mat der Groussregioun am héchsten. Firwat? Dat freet d'Christiane Kleer d'Chercheuse vum Observatoire de l'habitat.
Fri, 11 Oct 2024 - 1689 - Gilles RothThu, 10 Oct 2024
- 1688 - Mandy Minella
Déi fréier Spëtzesportlerin ass viru genee engem Joer an d'Chamber gewielt ginn a presidéiert elo d'Familljekommissioun. D'Christiane Kleer schwätzt mat hir iwwer éischt Schrëtt an der Politik an hir familljepolitesch Prioritéiten.
Wed, 09 Oct 2024 - 1687 - Grand-Duc Henri & Prënz Guillaume: den Interview (1)
Extraiten aus dem Gespréich mam Staatschef a sengem zukünftege Stellvertrieder. Themen: d'Lieutenance, d'Haus zu Kolmer-Bierg an d'Reorganisatioun vun der Maison du Grand-Duc.
Tue, 08 Oct 2024 - 1686 - Xavier Bettel
Am Noen Osten ass och ee Joer no der Attack vun der Hamas op Israel keng Konfliktléisung a Siicht - trotz ville Beméiungen op diplomateschem Niveau. Wéi kann dat sinn a wat ka Lëtzebuerg iwwerhaapt maachen, fir de Flächebrand wierklech ze verhënneren? Dat freet d'Christiane Kleer den Ausseminister.
Mon, 07 Oct 2024 - 1685 - Patrick Remakel
D'Enseignants-Gewerkschaft SNE seet, d'Inklusioun an de Schoule géif net funktionéieren. Wat muss sech änneren? Mir froen den SNE-President.
Fri, 04 Oct 2024 - 1684 - Michel Polfer
Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum Nationalmusée, deen Enn des Joers a Pensioun geet, zeréck op seng 19 Joer un der Spëtzt vum MNAHA, dem Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art.
Thu, 03 Oct 2024 - 1683 - Tom Delles
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert den Direkter vun der Akerbauschoul seng ADR-kritesch Haltung a wiert sech géint d'Reprochen, déi him dowéinst gemaach ginn.
Wed, 02 Oct 2024 - 1682 - Marlène Negrini
D'Presidentin vum Policesyndikat SNPGL huet weder um neie Minister, nach um neie Generaldirekter vun der Police vill auszesetzen. De Maurice Molitor schwätzt deemno mat enger zefriddener Gewerkschaftlerin.
Tue, 01 Oct 2024 - 1681 - Raoul Schaaf
De Maurice Molitor ënnerhält sech mam Direkter vum Comité Nationale de Défense Sociale (CNDS) iwwer 20 (+1) Joer Abrigado an d'Konsequenze vun der Caritas-Affär fir de soziale Secteur.
Mon, 30 Sep 2024 - 1680 - Smail Sulijc
Mam Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic schwätzt de Rick Mertens iwwer de Sozialkonflikt bei der neier ASBL HUT.
Fri, 27 Sep 2024 - 1679 - Leo Wagener
Riskéiert d'Caritas-Affär e Schied iwwer dem Poopst seng Visitt zu Lëtzebuerg ze werfen? Mir froen de Weibëschof.
Thu, 26 Sep 2024 - 1678 - Maisy Gorza
Mat der Direktesch vum Institut national des langues schwätze mir ënner anerem iwwer déi nei Russeschcoursen.
Wed, 25 Sep 2024 - 1677 - Marc Goergen
Wéi geet et nom zolitten interne Sträit virun an der Piratepartei? De Rick Mertens freet de Piratendeputéierte Marc Goergen.
Tue, 24 Sep 2024 - 1676 - Jens Kreisel
Wéi vill Plaz huet d'Uni Lëtzebuerg nach fir nei Studenten? Dat froe mir de Rekter eng Woch nodeems hie fir d'Rentrée eng 1.500 nei Studente begréisst huet.
Mon, 23 Sep 2024 - 1675 - Martine Deprez
D'Sozialministesch wëll am Hierscht eng breet Diskussioun iwwer de Pensiounssystem lancéieren. Wéi stellt si sech deen Debat vir? Ëm déi Fro dréit dem Maurice Molitor säin Interview.
Fri, 20 Sep 2024 - 1674 - Léon Gloden
De Maurice Molitor schwätzt mam Inneminister iwwer d'Grenzkontrollen an Däitschland, d'Sécherheet am Land an déi lokal Police-Unitéiten an der Stad an zu Esch.
Thu, 19 Sep 2024 - 1673 - Michael Feit
De Maurice Molitor schwätzt mam Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg iwwer d'Enn vu sengem Service an d'(Net-)Zukunft vun de verschiddene Projeten.
Wed, 18 Sep 2024 - 1672 - Serge Allegrezza
Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum STATEC zeréck op seng méi wéi 21 Joer un der Spëtzt vum Institut national de la statistique et des études économiques.
Tue, 17 Sep 2024 - 1671 - Lynn Beining a Marco Suman
An der Réimecher Schoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill ënnerschiddlech Profiller a Besoinen bei de Schüler. Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter schwätzt schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Erausfuerderungen déi doraus entstinn.
Mon, 16 Sep 2024 - 1670 - Stefan Maas
Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Professer vun der uni.lu, firwat grénge Waasserstoff déi ideal Energie ass fir eis Versuergung ofzesécheren ouni dem Klima ze schueden.
Fri, 13 Sep 2024 - 1669 - Charlotte Wirth a Misch Pautsch
D’Investigativjournalistin an de President vum Journalisteverband ALJP erklären, firwat si juristesch géint de Refus vum Inneministère virginn, dee verschidden Dokumenter net erausgi wëllt.
Thu, 12 Sep 2024 - 1668 - Gilles Braquet
Am Gespréich mam Maurice Molitor schwätzt de CEO vu Luxport iwwer d’Situatioun vum Mäerterter Hafen an d’Opportunitéite vun der Banneschëfffaart.
Wed, 11 Sep 2024 - 1667 - Alexandra Schoos
Wéi reagéiert d’ADR op dee vill kritiséierte Facebook-Commentaire vun hirem Member Alain Hoffmann? Ënner anerem dozou ginn et Explikatioune vun der Parteipresidentin am Interview beim Maurice Molitor.
Tue, 10 Sep 2024 - 1666 - Ute Heinz
Am Norde vum Land gëtt et nach keng Offer fir de Substitutiounsprogramm, deen am Drogen-Aktiounsplang vun der Regierung virgesinn ass - dorop huet reporter.lu d’lescht Woch an engem Artikel opmierksam gemaach. D’Jugend- an Drogenhëllef, déi de Projet geréiert, fënnt do nämlech kee Gebai a kritt och vun der Politik kaum gehollef. Wéi soll et elo weidergoen? Dat freet d'Christiane Kleer d'Direktesch vun der JDH.
Mon, 09 Sep 2024 - 1665 - Gilbert Goergen
D’CMCM huet turbulent Méint hanner sech. De Maurice Molitor freet hire President, ob d’Situatioun sech berouegt huet.
Fri, 06 Sep 2024 - 1664 - Franz Fayot
Als Konsequenz aus der Caritas-Affär verlaangt den LSAP-Deputéierte méi streng Kontrolle vu karitativen Organisatiounen. Hien erkläert seng Fuerderung am Gespréich mam Maurice Molitor.
Thu, 05 Sep 2024
Podcasts similar to Invité:e vum Dag
- Global News Podcast BBC World Service
- El Partidazo de COPE COPE
- Herrera en COPE COPE
- Tiempo de Juego COPE
- The Dan Bongino Show Cumulus Podcast Network | Dan Bongino
- Es la Mañana de Federico esRadio
- La Noche de Dieter esRadio
- Affaires sensibles France Inter
- La rosa de los vientos OndaCero
- Más de uno OndaCero
- La Zanzara Radio 24
- L'Heure Du Crime RTL
- El Larguero SER Podcast
- Nadie Sabe Nada SER Podcast
- SER Historia SER Podcast
- Todo Concostrina SER Podcast
- 安住紳一郎の日曜天国 TBS RADIO
- TED Talks Daily TED
- The Tucker Carlson Show Tucker Carlson Network
- 辛坊治郎 ズーム そこまで言うか! ニッポン放送
- 飯田浩司のOK! Cozy up! Podcast ニッポン放送
- 武田鉄矢・今朝の三枚おろし 文化放送PodcastQR
Other News & Politics Podcasts
- Les Grosses Têtes RTL
- L'œil de Philippe Caverivière RTL
- C dans l'air France Télévisions
- La chronique d'Aymeric Lompret Radio Nova
- Bercoff dans tous ses états Sud Radio
- Hondelatte Raconte - Christophe Hondelatte Europe 1
- Enquêtes criminelles RTL
- LEGEND Guillaume Pley
- Stammplatz – Fußball News täglich BILD
- On marche sur la tête Europe1
- L’heure du crime : les archives de Jacques Pradel RTL
- L'Heure des Pros 2 CNEWS
- Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
- Les Carnets du monde - Sophie Larmoyer Europe 1
- LANZ & PRECHT ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
- INFOWAR Aris Chatzistefanou
- Entrez dans l'Histoire RTL
- Νίκος Μπογιόπουλος Νίκος Μπογιόπουλος
- Contra-Corrente José Manuel Fernandes e Helena Matos
- Eixo do Mal SIC Notícias