Nach Genre filtern
De Podcast vum Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen, dem CDA, informéiert Iech iwwert all méiglech Themen déi mat Léierschwieregkeeten a Stéierungen (Dyslexie, Dysgraphie, Dyscalculie, ADHS, etc.) kënnen zesummen hänken. Eist Zil ass et opmierksam ze maachen an eng Ënnerstëtzung ze bidden.
- 12 - Kaligo École – Freed um Schreiwen
An eisem 12. Podcast hu mir mam Direkter vum CDA, dem Alex Kockhans, iwwer d’Applikatioun Kaligo École geschwat. Kaligo École ass eng Applikatioun fir Schüler*innen aus de Cyclen 1 an 2, déi hinnen hëlleft d’Schreiwe vu Buschtawen an Zuelen ze léieren. Wat sinn d’Beneficë vun dëser App fir d’Kanner a fir d’Léierpersonal?
Fri, 03 May 2024 - 29min - 11 - Wéi eng Diagnos kann ee Liewe veränneren
An eisem 11. Podcast schwätze mir mam Sarah Urbing iwwert säi schwierege schoulesche Parcours. Hatt hat de Verdacht eng Dyskalkulie ze hunn an huet sech als Erwuesse Fra Hëllef gesicht. Wéi et him haut geet a wat him gehollef huet Beruff, Erwuessenebildung a Famill ënnert een Hutt ze kréien, héiert Dir an dësem Podcast.
Fri, 17 Feb 2023 - 38min - 10 - Tester fir den Diagnostik vu Léierstéierungen am Lëtzebuerger Kontext
An eisem 10. Podcast geet et ëm standardiséiert Tester. Wat si standardiséiert Tester? Wisou brauch een se? A wat ass d’Plus-Value wann sou Tester an de Beräicher Mathematik a Liesen/Schreiwen op déi Lëtzebuerger Schoul-Populatioun ugepasst ginn?
Thu, 05 Jan 2023 - 35min - 9 - Léierstéierung am Erwuessenenalter
An eisem 9. Podcast hu mir een Témoignage vun enger Fra déi am Erwuessenenalter d’Diagnos Léierstéierung krut. Si erzielt eis wéi dat fir si war, wéi hire Parcours bis dohi war a wéi sech hirt Liewen dono verännert huet. Mir schwätzen och iwwer verschidden Hëllefstellungen a Strategien fir den Alldag vu Betraffenen ze vereinfachen.
Fri, 11 Nov 2022 - 36min - 8 - Vun der Analyse zu der Fërderung
An eisem 8. Podcast geet et ëm d’Analyse vun der schoulescher Situatioun vun engem Schüler an déi geziilte Fërderung. A wéi dës 2 Etappen eis kënnen Opschloss ginn ob ee Kand oder Jonken eventuell eng Léierstéierung huet.
Thu, 09 Jun 2022 - 45min - 7 - Liewe mat Dyslexie
An eisem 7. Podcast geet et ëm d’Liewe mat Dyslexie. Dyslexie ass eng Léierstéierung, déi engem d’Liesen an d’Schreiwen erschwéiert. Mee mat enger fréizäiteger Diagnos, an den richtegen Hëllefsstellungen, wéi Strategien an Adaptatiounen, kann ee säi schouleschen a beruffleche Parcours gutt meeschteren. Iwwert hire Wee bis elo, erziel eis haut eng Betraffen.
Mon, 16 May 2022 - 43min - 6 - Soll an der Schoulvakanz gerascht oder geléiert ginn ?
An eisem 6. Podcast geet et ëm d’Schoulvakanz an ob Kanner a Jonker mat Léierstéierunge sollen an der Vakanz léieren oder net, wéi vill soll geléiert ginn a wéi een dëst Léieren kann sou angenehm a positiv gestallte wéi méiglech.
Wed, 15 Dec 2021 - 24min - 5 - Diagnos Léierstéierung a wat elo?
An eisem 5. Podcast informéieren d’Sandy Spielmann, Léierin am CDA an d’Caroline Hornung, Research Scientist op der Universitéit Lëtzebuerg doriwwer wat ee ka maache wann ee Schüler d’Diagnos Léierstéierung gestallt krut. Si erkläre wéi eng pedagogesch an didaktesch Upassungen am Unterrecht kënne gemaach gi fir dem Schüler den Alldag z’erliichteren.
Tue, 30 Nov 2021 - 47min - 4 - Wéi gesäit den Diagnostikprozess bei ADHS aus, a wéi wichteg as d’Formatioun op deem Gebitt?
An eisem 4. Podcast gi mir op d’Prozesser vun der Erkennung an dem Diagnostik vun ADHS an, souwéi op d’Akteuren, déi an dëse Prozesser involvéiert sinn. Am zweeten Deel vum Podcast schwätze mir och iwwer d’Formatioun an d’Sensibiliséierung.
Wed, 20 Oct 2021 - 30min - 3 - Wat as ADHS - d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperactivitéitsstéierung ?
An eisem 3. Podcast geet et ëm d’Opmierksamkeetsdefizit-/Hyperactivitéitsstéierung, ADHS. Wat ass ADHS, wéi erkennt een et, a wat kann een ënnerhuelen am schouleschen Ëmfeld? Wéi kënnen Elteren déi éischt Unzeechen erkennen, a wat kënne si ënnerhuelen?
Thu, 14 Oct 2021 - 26min - 2 - Lernstörungen im multilingualen Kontext: Diagnostik von Lernstörungen im luxemburgischen Grundschulsystem
Léierstéierunge sinn net ëmmer einfach z’erkennen, a scho guer net an engem multilinguale Kontext wéi deen, dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn. Dat ass och am Handbuch “Lernstörungen im multilingualen Kontext: Diagnostik und Hilfestellungen”, dat mir zesumme mat der Universitéit Lëtzebuerg erausbruecht hunn, nozeliesen. Am 2. Podcast erkläre mir Iech d’Begrëffer Léierschwieregkeet a Léierstéierung a ginn op d’Ënerscheeder tëschent deenen 2 an. Zudeem erkläre mir den Diagnostiksprozess, a setzen ee besonnesche Fokus op de lëtzebuergesche multilinguale Kontext.
Wed, 06 Oct 2021 - 51min - 1 - De Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen (CDA) a seng Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg
Léierstéierunge sinn net einfach z’erkennen an engem multilinguale Kontext wéi deen zu Lëtzebuerg. Eise Podcast soll opklären an Iech dës Thematik méi no bréngen. Am 1. Podcast wëlle mir Iech erzielen wat dem CDA seng Missiounen an Ziler sinn a wéi et zu der konstruktiver Zesummenaarbecht mat der Universitéit Lëtzebuerg komm ass.
Wed, 06 Oct 2021 - 31min
Podcasts ähnlich wie De Podcast iwwer Léierstéierungen
- Global News Podcast BBC World Service
- El Partidazo de COPE COPE
- Herrera en COPE COPE
- The Dan Bongino Show Cumulus Podcast Network | Dan Bongino
- Es la Mañana de Federico esRadio
- La Noche de Dieter esRadio
- Hondelatte Raconte - Christophe Hondelatte Europe 1
- Affaires sensibles France Inter
- La rosa de los vientos OndaCero
- Más de uno OndaCero
- La Zanzara Radio 24
- Espacio en blanco Radio Nacional
- Les Grosses Têtes RTL
- L'Heure Du Crime RTL
- El Larguero SER Podcast
- Nadie Sabe Nada SER Podcast
- SER Historia SER Podcast
- Todo Concostrina SER Podcast
- 安住紳一郎の日曜天国 TBS RADIO
- TED Talks Daily TED
- The Tucker Carlson Show Tucker Carlson Network
- 辛坊治郎 ズーム そこまで言うか! ニッポン放送
- 飯田浩司のOK! Cozy up! Podcast ニッポン放送
- 武田鉄矢・今朝の三枚おろし 文化放送PodcastQR