Filtrer par genre

De Podcast iwwer Léierstéierungen

De Podcast iwwer Léierstéierungen

CDA

De Podcast vum Kompetenzzenter fir Kanner a Jugendlecher mat Léierstéierungen, dem CDA, informéiert Iech iwwert all méiglech Themen déi mat Léierschwieregkeeten a Stéierungen (Dyslexie, Dysgraphie, Dyscalculie, ADHS, etc.) kënnen zesummen hänken. Eist Zil ass et opmierksam ze maachen an eng Ënnerstëtzung ze bidden.

12 - Kaligo École – Freed um Schreiwen
0:00 / 0:00
1x
  • 12 - Kaligo École – Freed um Schreiwen

    An eisem 12. Podcast hu mir mam Direkter vum CDA, dem Alex Kockhans, iwwer d’Applikatioun Kaligo École geschwat. Kaligo École ass eng Applikatioun fir Schüler*innen aus de Cyclen 1 an 2, déi hinnen hëlleft d’Schreiwe vu Buschtawen an Zuelen ze léieren. Wat sinn d’Beneficë vun dëser App fir d’Kanner a fir d’Léierpersonal?

    Fri, 03 May 2024 - 29min
  • 11 - Wéi eng Diagnos kann ee Liewe veränneren

    An eisem 11. Podcast schwätze mir mam Sarah Urbing iwwert säi schwierege schoulesche Parcours. Hatt hat de Verdacht eng Dyskalkulie ze hunn an huet sech als Erwuesse Fra Hëllef gesicht. Wéi et him haut geet a wat him gehollef huet Beruff, Erwuessenebildung a Famill ënnert een Hutt ze kréien, héiert Dir an dësem Podcast.

    Fri, 17 Feb 2023 - 38min
  • 10 - Tester fir den Diagnostik vu Léierstéierungen am Lëtzebuerger Kontext

    An eisem 10. Podcast geet et ëm standardiséiert Tester. Wat si standardiséiert Tester? Wisou brauch een se? A wat ass d’Plus-Value wann sou Tester an de Beräicher Mathematik a Liesen/Schreiwen op déi Lëtzebuerger Schoul-Populatioun ugepasst ginn?

    Thu, 05 Jan 2023 - 35min
  • 9 - Léierstéierung am Erwuessenenalter

    An eisem 9. Podcast hu mir een Témoignage vun enger Fra déi am Erwuessenenalter d’Diagnos Léierstéierung krut. Si erzielt eis wéi dat fir si war, wéi hire Parcours bis dohi war a wéi sech hirt Liewen dono verännert huet. Mir schwätzen och iwwer verschidden Hëllefstellungen a Strategien fir den Alldag vu Betraffenen ze vereinfachen.

    Fri, 11 Nov 2022 - 36min
  • 8 - Vun der Analyse zu der Fërderung

    An eisem 8. Podcast geet et ëm d’Analyse vun der schoulescher Situatioun vun engem Schüler an déi geziilte Fërderung. A wéi dës 2 Etappen eis kënnen Opschloss ginn ob ee Kand oder Jonken eventuell eng Léierstéierung huet.

    Thu, 09 Jun 2022 - 45min
Afficher plus d'épisodes