Filtrar por gênero

Grousse Kino

Grousse Kino

radio 100,7

Déi Cinéphil um radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.

332 - Eng trilogie française
0:00 / 0:00
1x
  • 332 - Eng trilogie française

    Zwou Fraen aus sozial ënnerschiddleche Milieuen, doduerch verbonnen, dass hir respektiv Männer am Prisong sëtzen, zwou Fraen, verbonnen duerch d’Aarmut an d’Einsamkeet an eng Grupp vu sozial Getéckten – wärend den Emmanuel Macron déi lescht Wochen d’Victoire vun der Gauche ignoréiert huet, beschäftege mer eis am Grousse Kino dës Woch mat “La prisonnière de Bordeaux” vun der Patricia Mazuy, “Fêlés” vum Christophe Duthuron an “Une vie rêvée” vum Morgan Simon – dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d’Schéier tëschent räich an aarm duerstellen an deenen hir Figuren just um Rand déi sozial Ugepasst, wéi de Macron se gär huet, filmt, ma de Schwéierpunkt op déi leet, déi duerch d’Maille vum System gefall sinn.

    Sat, 07 Sep 2024
  • 331 - (K)eng schwéier Wiel

    Deadpool oder Wolverine, Mann oder Fra, Mamm oder Papp: egal op am esou spektakulär wéi spektakulär dekonstruktiven Superhelden-Epos "Deadpool & Wolverine", an der däitscher Bezéiungs-Comedy “Alles Fifty Fifty” oder am Jacques Audiard sengem zu Cannes priméierte Mafia-Musical “Emilia Perez – eis Filmer vun der Woch inzenéiere Binarismen a falsch Géigesätz, fir se duerno opzeléisen.

    Sat, 31 Aug 2024
  • 330 - Eng Form vu Fräiheet

    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Les Fantômes" (Jonathan Millet), "Amerikatsi" (Michael Goorjian) an "The Crow" (Rupert Sanders).

    Sat, 24 Aug 2024
  • 329 - Zesumme wat zesumme gehéiert?

    De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "Le Roman de Jim" (Arnaud a Jean-Marie Larrieu), "Alien: Romulus" (Fede Alvarez) an "Upon Entry" (Alejandro Rojas & Juan Sebastian Vasquez).

    Sat, 17 Aug 2024
  • 328 - Ciao bella

    De Michel Delage an d'Vesna Andonovic beschwätze "Swimming Home" (Justin Anderson), "Belle enfant" (Jim) a "Borderlands" (Eli Roth).

    Sat, 10 Aug 2024
Mostrar mais episódios