Filtrar por gênero
- 4398 - New Wave op Spuenesch
Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“. Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Formatioun Melenas zu Lëtzebuerg zu Gaascht ass. Mat hirem drëtten Album "Ahora" brénge si awer och en neie Sound mat.
Thu, 21 Nov 2024 - 4397 - "Et ass elo schonn ee Succès"
Déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz ass zanter Ufank November am Bridderhaus zu Esch amgaangen. Et ass eng Concertsserie, bei där d'Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz ganz am Mëttelpunkt steet. De 24. a 27. November sinn déi nächst Concerten, an den 1. Dezember steet dann eng Table ronde a Kollaboratioun mam opus 100,7 um Programm. Vill vun den nächste Concerte si schonn ausverkaaft. Den Directeur artistique Claude Weber seet, datt een elo an der Hallschent vum Salon schonn erëm vun engem Succès schwätze kann. Dem Marie Schockmel huet de Claude Weber verroden, wat nach alles op der Affiche steet, a wéi et fir hie selwer ass mat dobäi a mattendran ze sinn.
Thu, 21 Nov 2024 - 4396 - De Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter
Zënter dem Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den zweete Weltkrich, ënner anerem, d‘Liewen ënner der Diktatur a Repressioun, D‘Reaktioun vum Vollek, d‘Nazi-Strukturen ze Lëtzebuerg, d‘Konzentratiounslageren, den Holocaust, de Widderstand an d‘Nokrichszäit. De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch di ganz Ausstellung. Mir lauschteren elo den éischten Deel vun der Visitt vun dëser Expo. D‘Valerija Berdi huet dëse Bàitrag zesummegestallt. All Infoen iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.
Thu, 21 Nov 2024 - 4395 - Naturgewalten als Museker? Jo, dat kléngt ënner Ëmstänn richteg gutt!
Wann op de Koppen de Wand bléist oder d’Mierwaasser spruddelt, da sinn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen mat hirem Opnamgerät net wäit. Schliisslech hu si mat hirer Rubrik Soundatlas d’Ambitioun, all méiglech Geräischer a Kläng eenzel fir Iech anzefänken, an eventuell Lienen zu Konscht, Alldagskultur, Wëssenschaften opzeweisen. Allerdéngs ass et bei verschiddene Phenomeener guer net esou evident, se esou an d’Këscht ze kréien, wéi ee se dobaussen héiert ...
Thu, 21 Nov 2024 - 4394 - MERCADER: L'assassin de Trotsky
Eng BD vum Patrice Perna a Stéphane Bervas. Et geet ëm d'Liewen an den Doud vum Leo Trotzky sengem Liewen.
Thu, 21 Nov 2024 - 4393 - AEM
Am Studio zu Gaascht ass d’Sängerin a Produzentin AEM, déi den 30. November an de Rotonden hir Debut EP “Chaga” presentéiert. D'Plack ass ganz vun hir selwer produzéiert an handelt vu Wonnen, déi een am Liewe kann dovundroen. D'Release Show an de Rotonden ass den 30. November, a wäert vun Animatioune begleet sinn.
Wed, 20 Nov 2024 - 4392 - “J’existe“
Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen. Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.
Wed, 20 Nov 2024 - 4391 - D’Art-Week-Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award” ënner anerem mat der Marianne Villière
Offiziell ass tëschent dësem Freideg, 22. November, an dem Sonndeg, 24. November, déi 10. Luxembourg Art Week. D’Zelt um Glacis steet, a vu muer un huelen d’Art-Week-Evenementer rasant zou. Esou kënnt Dir muer (21.11.) tëschent 14 a 15 Auer an der Art Talks Area d’Konferenz “20 Joer Edward Steichen Award Luxembourg” lauschtere goen. Mam Award ausgezeechent goufe jo ufanks November d’Performerinne Clio van Aerde vu Lëtzebuerg plus d’Marianne Villière vun Nanzeg. Bedeit fir déi éischt 4 Méint Kënschtlerinne-Residenz zu New York, fir déi zweet 6 Méint. D’Clio van Aerde war doropshi scho Live-Invitée bei Kultur um 5. D’Kerstin Thalau hat elo och Geleeënheet mat der Marianne Villière ze schwätzen.
Wed, 20 Nov 2024 - 4390 - "Sie ging ja nur vorbei"
Den 23. November 2024 proposéiert den Trio Dora am Mierscher Theater e Concert, an deem d'Komponistin Dora Pejačević am Mëttelpunkt steet. Wärend d'Schauspillerin Fabienne Elaine Hollwege Texter vun der Komponistin liest, spillt den Trio Wierker vun der kroatescher Musekerin. Déi zwou Musekerinnen Annalena Castagna a Carole Mallinger-Leyers schwätzen am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwer d'Iddien, d'Ëmsetzung an d'Zil vun dësem Projet.
Wed, 20 Nov 2024 - 4389 - Advent mam Bruckner
Motetten, de Magnificat WAB 24 an d'Missa Solemnis WAB 29 séngt d'Maîtrise um éischten Adventssonndeg (1.12.) an der Kathedral. Domat steet deen traditionelle Concert "Au Seuil de l'Avent" ganz am Zeeche vum Anton Bruckner sengem 200. Gebuertsdag. Dat ass awer net deen eenzegen Anniversaire, deen op dësem Concert eng Roll spillt. Den Dirigent Marc Dostert verréit am Interview beim Christophe Mirkes, wéi eng Jubiläe mat dësem Concert nach gefeiert ginn.
Tue, 19 Nov 2024 - 4388 - De Mathieu Clement gewënnt de "Junger Münchner Jazzpräis"
Tëschent Köln, Amsterdam, Bayern a Lëtzebuerg evoluéiert dee jonken Drummer Mathieu Clement, Joergang 2001, zu engem villverspriechende Museker. Hien ass Member beim NRW JugendJazzOrchester a gouf doriwwer eraus déi lescht Woch zu München mat engem Präis ausgezeechent - gutt ee Joer no der Verëffentlechung vu sengem éischte selwer geschriwwenen Album. Zäit mat him de Point ze maachen, iwwer Musek ze schwätzen, an an d'Zukunft ze kucken.
Tue, 19 Nov 2024 - 4387 - Am Gespréich mam Andrea Mancini
Ewech vum kënschtlereschen Ego, hin zu enger kollektiver Aarbecht - dat war de Motto vum Lëtzebuerger Pavillon, deen den Andrea Mancini dëst Joer zesumme mat dem belgo-italieenesche Kollektiv Every Island, der Curatrice Joel Valabrega a véier Kënschtler:innen, déi de Pavillon iwwer déi lescht Méint ëmmer nees mat Performancë bespillt hunn. Ënner deem nämmlechten Titel wéi de Pavillonsprojet - "A Comparative Dialogue Act" - erschéngt elo eng Vinyl, déi Deeler vun de Performancë vun der Selinn Davasse, der Celin Jiang, der Stina Fors an der Bella Báguena afänkt. Fir hir Performancen hunn déi véier sech op eng gemeinsam Klangbibliothéik konnte baséieren. De Jeff Schinker ënnerhält sech hei mam Andrea Mancini, de Kënschtler, dee fir dëse Projet säin Ego esou wäit wéi méiglech zeréckgeschrauft huet.
Tue, 19 Nov 2024 - 4386 - Filmkritik: "Gladiator 2"
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi hu sech am Grousse Kino gefrot, ob dem Ridley Scott seng Suite vu sengem 24 Joer alen Epos Sënn mécht oder net.
Mon, 18 Nov 2024 - 4385 - "Psychologesch Gewalt gëtt net richteg verstanen"
De Michel Delage huet mam Lëtzebuerger Realisateur Eric Lamhène a senger Co-Zeenaristin Lyn Lee iwwer hiren Drama "Hors d'haleine" geschwat.
Mon, 18 Nov 2024 - 4384 - Op der Bün: "Die heilige Johanna der Schlachthöfe" vun der Companie ErosAntEros
Bertholt Brecht mat der legendärer sloweenescher Band Laibach kräizen, fir dem Auteur säin Text "Die Heillige Johanna der Schlachthöfe" ze adaptéieren, dat war d’Erausfuerderung, där sech déi 2010 gegrënnte Kompanie ErosAntEros gestallt huet.
Mon, 18 Nov 2024 - 4383 - Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wéi eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Mon, 18 Nov 2024 - 4382 - Tëschent Vitrinnen a Skulpturen - Luxembourg Art Week
Nächste Weekend (vum 22.-24. November) fënnt déi 10. Editioun vun der Konschtfoire Luxembourg Art Week statt. Nieft der Expo an engem temporairen Espace um Glacis gëtt och an enger Hellewull u Muséeën a Galerien ausgestallt. Mee net alles spillt sech hei bannent véier Wänn of: Mat dem “Sculpture Trail” an “Capsules” invitéiert d’Art Week nämlech eraus op d’Stroosse vun der Stad. De Joé Birchen huet den Tour gemaach a wollt vum Alex Reding, Galerist a Grënner vun der Art Week wëssen, wéi d’Wierker dobaussen hir Plaz fonnt hunn.
Fri, 15 Nov 2024 - 4379 - Trentemøller Live an der Kufa
Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d’Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d’Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d’Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
Fri, 15 Nov 2024 - 4378 - Concert LIVE
An engem Privatconcert léisst de jonke Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, d'romantesch Musek an der Philharmonie opliewen. Si spillen, ënner der Leedung vum Gaaschtdirigent Martin Rajna, ee Programm mat Wierker vu Wagner, Tschaikowski an Dvorak. De Jeff Schinker schwätzt mam Presentateur vum Owend, dem Lex Kauffmann doriwwer, wat Iech bei dësem Concert haut den Owend erwaart.
Fri, 15 Nov 2024 - 4376 - Yellowstone
A “Yellowstone” geet et op den éischte Bléck ëm d’Cowboyen, déi hir Kéi an der Gidd halen, et geet ëm oppe Prairien an d’Liewe mat der Natur. Dohannert verstoppe sech awer Politik, Muecht-Spillercher a ganz philosophesch Froen.
Fri, 15 Nov 2024 - 4375 - Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett
En Dënschdeg goung de prestigiéise Booker Prize un der Samantha Harvey hire schlanken, poetesch-apokalyptesche Weltraumroman "Orbital", dee mir op dëser Platz scho beschwat haten. Déi englesch Schrëftstellerin huet sech mat hirem zwar excellente Roman géint deen anere Favorit, de Percival Everett, duerchgeschloen, nawell mengt de Jeff Schinker a senger Rezensioun vum Everett sengem Roman "James", datt déi Entscheedung net ganz glécklech ass. Mir lauschteren eng Bespriechung, déi gläichzäiteg och ee Plaidoyer fir dem Everett säi Wierk ass.
Thu, 14 Nov 2024 - 4374 - D'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben
D'Finaliste vum Prix Anne et Françoise Groben sinn tëschent 18 an 22 Joer al a wäerten zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie optrieden. Den 100,7 iwwerdréit d'Finall aus der Philharmonie live vun halwer 8 un. De Christophe Mirkes gëtt eng Iwwersiicht iwwer dat dat, wat den Owend um Programm steet a wien optrëtt.
Thu, 14 Nov 2024 - 4373 - Nom erfollegräichen Ofschloss vum Konschtstudium direkt Prix-Pierre-Werner-Laureatin
An eise Kulturnews hate mir Iech schonn doriwwer informéiert, datt, am Kontext vum Vernissage vum traditionellen Hierschtsalon vum CAL, de Prix-Pierre-Werner 2024 un d’Molerin Lara Weiler, Joergang 1999!, goung. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir hir priméiert Aarbechte plus déi vu weidere 45 Kënschtler:innen am Tramsschapp um Lampertsbierg entdecken. D’Kerstin Thalau war natierlech do, huet zesumme mat der Lara Weiler en Tram bis op de radio 100,7 geholl, fir hei am Studio hir Diskussioun weiderzeféieren.
Thu, 14 Nov 2024 - 4372 - Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir dëse Weekend net sollt verpassen.
Thu, 14 Nov 2024 - 4371 - Kënne mir de Wiessel vun Dag op Nuecht, respektiv vu Summer op Wanter, och héieren?
Mir reagéieren am Prinzip relativ sensibel op Temperaturënnerscheeder oder op de Wiessel vun Dag an Nuecht. Mee bedeit dat, datt mir déi verschidde Saisonen tatsächlech klanglech, also mat Hëllef vun eisen Oueren, auserneen hale kënnen? A ginn et Ënnerscheeder tëschent den auditive Kapazitéite vu Land- a Stadmënschen? An eisem Soundatlas, an deem mir reegelméisseg ee Klang analyséieren an d’Lienen zu Konscht, Alldagskultur a Wëssenschaft sichen, wollt de Joé Birchen et wëssen an huet d’Kerstin Thalau getest.
Wed, 13 Nov 2024 - 4369 - Filmmusek tëschent Bach an Techno
Dëse Samschdeg Owend (16.11.) verwandelt sech de grousse Sall vun der Philharmonie an e Kino aus der Stommfilmära. Um 19:30 begleeden zwee international unerkannt Pianisten - de Francesco Tristano an den Hayato Sumino - de Stommfilm “Asphalt” (1928) vum däitsche Realisateur Joe May mat Pianoen a Synthesizer. Am Gespréich mam Marie Trussart huet de Francesco Tristano ënner anerem verroden, wéi een d’Zäit am A behält, wann ee live Musek zu engem Stommfilm spillt, wéi Musek d’Géigewaart a Fro stellt an iwwerhaapt: ëm wat et beim Film eigentlech geet.
Wed, 13 Nov 2024 - 4368 - "Virun allem fillen ech staark Léift"
Mat 6 Joer huet de Johan Perdigão mam Piano ugefaangen. Elo mat 20 Joer studéiert hien dat Instrument zu Wien an de Sonndeg spillt hien e Concert zu Lëtzebuerg. Am Centre Culturel Machera zu Gréiwemaacher steet hien zesumme mat der Luxembourg Philharmonia op der Bün. Eréischt d'lescht Joer hu si zesummen dem Edvard Grieg säi Concerto fir Piano gespillt, an elo steet dee vum Robert Schumann op der Affiche. Bei deem Wierk fillt de jonke Pianist virun allem staark Léift. Dem Marie Schockmel huet hie méi verroden.
Tue, 12 Nov 2024 - 4367 - Op der Bün: "Winterreise“ vun der Elfriede Jelinek a "Peaky Blinders“ vun der englescher Compagnie Rambert
Eng Netflix-Serie an een Text vun der wichtegster Avantgarde-Stëmm aus Éisträich - den Théâtres de la Ville de Luxembourg kann een den Ament kaum ze wéineg Diversitéit virwerfen. Den Nicoals Calmes, d'Lori Dauphin, den Tom Haas an de Jeff Schinker rezenséieren “Winterreise“ vun der Elfriede Jelinek an enger Mise en scène vum Jakob Arnoldi a “Peaky Blinders“ vun der englescher Compagnie Rambert.
Tue, 12 Nov 2024 - 4366 - Albumrezensioun: Tyler, the Creator
All Plack vum Tyler, the Creator ass een thematescht Wonnerhorn vu kreativer Selbstreflexioun - eng bestänneg Mythologiséierung vu senger Liewenserfarung. Et goung ëm jugendlech Rebellioun op sengem éischte richtegen Album, “Goblin”, mat engem fiktionale Psycholog als Gespréichspartner. Op “Cherry Bomb” huet hie seng Flilleke gespaant, mat Positivitéit bis ënner de Kënn. Eng éischt Oppenheet zum Analyséiere vu sexuelle Gefiller huet sech fir dee selwer ernannte Spätzünder op “Flower Boy” gewisen, an eng Bezéiung mat engem Mann, deen eng Frëndin hat, war op “Igor” den Objet vun déiwem Gruewen. Éischt Gespréicher mat der Mamm dauchen op “Call Me If You Get Lost” op, an elo geet de Wee wierklech zeréck heem un d’Wuerzelen, um afrikanesch inspiréierte “Chromakopia“.
Tue, 12 Nov 2024 - 4365 - Filmkritik: "Trois amies"
Déi dramatesch Comedie aus Frankräich hunn de Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun
Mon, 11 Nov 2024 - 4364 - Ausbléck op Walfer Bicherdeeg an de Lëtzebuerger Buchpräis
Den nächste Weekend ass et erëm esou wäit. D‘Gemeng Walfer invitéiert op déi gréisste Bicherfoire vu Lëtzebuerg. Zwee Deeg laang sinn Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun op der Plaz fir dem Grand Public hir nei Publikatioune virzestellen. Donieft och eng ganz Rei Rencontere mat Autorinnen an Auteuren, Liesunge fir Grouss a Kleng a weider Manifestatiounen. Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg, gëtt dësen Donneschdeg och de Lëtzebuerger Buchpräis annoncéiert. Fir iwwer dës Eventer ze schwätze sinn eis Invitéen d‘Lynn Klein vun der Walfer Gemeng an de Ian De Toffoli, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.
Mon, 11 Nov 2024 - 4363 - Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.
Mon, 11 Nov 2024 - 4362 - Beethoven am Rittersall
Hie wier frou gewiescht, datt esou erfuere Museker wéi de laangjärege Konzertmeeschter vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, de Philippe Koch an de Pianist Johan Schmidt, hie gefrot hätten, e Concert ze spillen. Zesumme mat béide Museker interpretéiert den Cellist Stéphane Giampellegrini e Sonndeg, 10. November, zu Buerglënster am Schlass Pianostrioen vu Ludwig van Beethoven, Sergei Rachmaninoff a Felix Mendelssohn. De Luc Boentges huet mam Cellist iwwer de Programm an de Kader vum Concert geschwat.
Fri, 08 Nov 2024 - 4361 -Fri, 08 Nov 2024
- 4360 - Years and Years
E Science Fiction Drama, a sechs Deeler, an deem mir d'Famill Lyon an engem dystopesche Setting begleeden. D'Serie weist eng brittesch Gesellschaft, déi ëmmer méi zu enger Diktatur gëtt.
Fri, 08 Nov 2024 - 4359 - Rentrée littéraire (6) Vun Zivilkricher a Genoziden: "Houris" vum Kamel Daoud a "Jacaranda" vum Gaël Faye
De Méindeg (4.11.) goufen de prestigiéise Prix Goncourt an deen e bësse manner prestigiéise Prix Renaudot verginn - an et koum zu kenge groussen Iwwerraschungen. De Favorit Kamel Daoud krut de Goncourt fir säi pechschwaarze Roman "Houris" an de Gaël Faye, zweete Favorit, gouf mam Renaudot fir säi stilistesch méi liichten, thematesch awer änlech donkele Roman "Jacaranda" ausgezeechent. De Jeff Schinker huet déi zwee Bicher gelies - a verréit eis, ob d'Jurye sech richteg entscheet hunn.
Thu, 07 Nov 2024 - 4358 - Den Dram vum Grunge
Keen huet méi Zäit, d'Welt dréit sech ëmmer méi séier ... Frustréiert vun ze vill Hektik, wënscht sech déi Lëtzebuerger Musekerin Florence Besch zeréck an d'1990er. A kreéiert dofir op hirem neien Album "Gathering Hearts" e Sound, dee si “Dream Grunge” gedeeft huet.
Thu, 07 Nov 2024 - 4357 - No um Publikum
"Mir wëllen d'Leit esou erreechen, datt si an der Musek dra sinn. Esou, wéi wa si géifen e Film kucken", seet de Benedikt Wesner. Zesumme mam Pianist Philippe Beaujot interpretéiert hien e Mëttwoch, den 13. November, am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck (CAPE) dem Robert Schumann seng “Dichterliebe”. Dem Enseignant vum Conservatoire du Nord ass et dobäi wichteg net just d'Geschicht vum Protagonist an de Vierdergrond ze stellen, mee och déi méi déif Schichte vum Wierk, wéi hien dem Luc Boentges am Interview verzielt.
Thu, 07 Nov 2024 - 4356 - 19. Dezember: Centenaire vum Lëtzebuerger Moler a Manager Gust Graas
De Gust Graas, vu Formatioun Jurist, war deene meeschte wahrscheinlech als Generaldirekter vun der CLT e Begrëff, als Grënner vun RTL-Télévision an der Luxair, kuerz als Medie-Manager mat Visiounen. Gëtt ee säin Numm bei wikipedia an, steet do “Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager”. Effektiv hat hie sech, zwar als Autodidakt, mee awer och als Kënschtler en Numm gemaach. “Hat”, “war”... dat ass Vergaangenheet? Eng Madamm setzt sech schonn dat ganzt Joer dofir an, datt d’Erënnerung un de Moler Gust Graas waakreg gehale gëtt: seng Duechter, d’Journalistin Christiane Graas. An déi huet d’Kerstin Thalau an de Studio invitéiert.
Thu, 07 Nov 2024 - 4355 - The Road vum Manu Larcenet
Eng BD vum Manu Larcenet, no enger Geschicht vum Cormack McCarthy. Hei léiere mIr e Papp an e Jong an enger Post-apokalyptescher Welt kennen, déi probéieren ze iwwerliewen. An allen zwee hunn e grousst Geheimnis virun deem aneren.
Thu, 07 Nov 2024 - 4354 - The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit
The Ancient, esou gëtt den Abu Qadim Haqq genannt. Dee mëttlerweil 55 Joer ale Mann ass eng Zentralfigur am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit. A sengem CV steet ënner anerem, datt hien d’Albumcovere vun den Techno-Legenden Underground Resistance an Drexciya gemaach huet. The Ancient war zu Lëtzebuerg ze gesinn: Am Claudio Caruso sengem Vinyl Harvest Buttek zu Esch huet hien zwou Stonne laang eng Dier bemoolt, bis datt eng Cyber-Fra op engem Päerd ze gesi war. Seng Duechter d’Qadira huet wärenddeems een DJ-Set gespillt. Duerno duerft ee Froe stellen. The Ancient huet op Nofro erkläert, firwat seng Duechter am Homeschooling ass: well den ëffentleche Schoulsystem zu Detroit miserabel ass - dëst ass zanter iwwert 30 Joer keng Neiegkeet. An Amerika ass Detroit dacks d’Punchline vu Witzer, déi scho laang net méi witzeg sinn, besonnesch zanter déi staark Automobilindustrie ënnergaangen ass. Den Ancient selwer war an enger kathoulescher Privatschoul. Seng Eltere konnte sech dat leeschten, well säi Papp fir Chrysler an der Fabrik geschafft hat. Dat war zu enger Zäit, wou een och ouni Schoulofschloss eng gutt bezuelten Aarbecht konnt fannen. D’Stad Detroit ass awer och fir hir immens kreativ Musekszeen bekannt; och Hiphop gëtt do groussgeschriwwen. Den Eminem an seng Kolleegen am Rapkollektiv D12 si vun Detroit a liewe weiderhin do. Op e puer vun dëse Saache koum deen nom Mole midden Här mam Nicolas Calmes ze schwätzen.
Wed, 06 Nov 2024 - 4353 - 40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes
148 Kandidaten a Kandidatinne maachen dëst Joer mat beim 40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes vun der UGDA Musekschoul. Deen ass den 10. November am Stater Conservatoire. 80 Kandidaten a Kandidatinne komme vu Lëtzebuerg, de Rescht kënnt aus aneren europäesche Länner. All Joer gëtt de Concours nämlech och fir een oder zwee Instrumenter op europäeschem Niveau ausgeschriwwen, an dëst Joer sinn dat d'Trompett an d'Querflütt. Den 10. November spillen awer net nëmmen all Kandidaten a Kandidatinnen, mee och véier Solisten a Solistinnen aus de leschte 40 Joer trieden zesumme mat der Militärmusek op. D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, selwer eemol Laureatin vun dësem Concours huet dem Marie Schockmel méi verroden iwwer de Concours a seng 40. Editioun.
Wed, 06 Nov 2024 - 4352 - D’ESAL-Laureatinnen 2024: Marianne Villière (F) a Clio Van Aerde (L)
Viru genee 20 Joer gouf, op Initiativ vum Ambassadeur a Kënschtler Hubert Wurth, den ESAL, also den Edward Steichen Award Luxembourg, an d’Liewe geruff. Dëst mat der Ënnerstëtzung vun der Steichen-Famill an den USA. Zanter 2011 ginn d’Laureaten a Laureatinnen aus der Groussregioun zousätzlech mat engem Kënschtler:inneresidenze-Programm vun e puer Méint, zu New York, belount. 2005 war d’Su-Mei Tse déi éischt Laureatin, Sophie Jung, Mary-Audrey Ramirez, Jeff Weber, Jeff Desom koumen, nieft aneren, no. Gëschter Owend war am Mudam d’ESAL-2024-Soirée. D’Ierfgroussherzogin Stéphanie, de Kulturminister Eric Thill, jo och déi fréier Kulturministerin Erna Hennicot-Schoepges hu sech dat net entgoe gelooss. D’Kerstin Thalau war fir eis mat dobäi an huet eng vun den 2 Laureatinnen an de Studio invitéiert.
Wed, 06 Nov 2024 - 4351 - Anne-Marie Reuter - M for Amnesia
No Gedichter a Short-stories huet déi Lëtzebuerger Editrice a Schrëftstellerin Anne-Marie Reuter hiren éischter Roman publizéiert. “M for Amnesia“ ass den Titel vum Buch, dat bei Black Fountain Press erauskoum an d‘Valerija Berdi an de Michel Delage hunn dëst dystopescht Wierk an der Literaturemissioun Déi wonnerbar Valibrairie beschwat.
Tue, 05 Nov 2024 - 4350 - Rising Stars
De Sao Soulez Larivière ass ee jonke franséisch-hollännesche Braatschist. 2023 krut hien den ICMA Award a gouf zum Young Artist of the Year 2023 gewielt. Gläichzäiteg gouf hien och vun der International Concert Hall Organisation, kuerz ECHO, zum Rising Star gewielt an dierf domat 17 Concerte queesch duerch Europa spillen. Eng immens Erfarung fir de jonke Braatschist, iwwer déi hie mam Lex Kauffmann am Gespréich geschwat huet. Hie schwätzt och iwwer seng Ziler als jonken Nowuesmuseker an d'Erfarung mat renomméierte Proffe wärend senge Studien.
Tue, 05 Nov 2024 - 4349 - L I N am Gudde Wëllen
Als villschichtegen, intensiven Elektro beschreift de Gudde Wëlle säi Concerts-Act vu muer, Mëttwoch 6.11. Als five-in-one-Multi-Instrumentalistin kënnt d‘LIN vu Berlin op Besuch, mee opgebaut huet si hire Projet net esou wäit vun hei, zu Mainz. Hir Songtexter reflektéieren hir queer Identitéit, hir Musek de Ruff no neien Normen. Et versprécht een interessante Live-Owend ze ginn. Virum Start op eng kuerz Tour huet de Marc Clement sech mat der Musekerin ënnerhalen.
Tue, 05 Nov 2024 - 4348 - Filmkritik: "Anora"
Dem Amerikaner Sean Baker seng duerchgedréite Palme d'Or hunn de Michel Delage, d'Valerija Berdi an de Jeff Schinker am leschte Grousse Kino beschwat.
Mon, 04 Nov 2024 - 4347 - Um Wee an d'Paradis
Mat der Opféierung vum “Requiem” vum Fauré gëtt net nëmmen un de Centenaire vum Komponist sengem Doud erënnert, mee och déi dräi Joer laang Aarbechte vun de Fresken an der Diddelenger Kierch hu virun 100 Joer ugefaangen. A wéi den Zoufall et wëllt, gëtt et tëschent de Molereien an dem Requiem thematesch eng staark Verbindung. Den Alessandro Urbano, deen d'Orchestratioun vum Fauré sengem Requiem fir de Concert vum 10. November extra fir Uergel ëmgeschriwwen huet, gëtt am Gespréich mam Christophe Mirkes Ablécker an dës Parallelen.
Mon, 04 Nov 2024 - 4346 - "Ech gesinn d'Liewen e bëssen als Tragicomedie"
De Michel Delage am Gespréich mat der Lëtzebuerger Realisatrice Eileen Byrne iwwer hiren éischte Long métrage "Marianengraben".
Mon, 04 Nov 2024 - 4345 - Um Radar - ënnert der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir ënnert der Woch net verpasse sollt.
Mon, 04 Nov 2024
Podcasts semelhantes a Kultur
- Global News Podcast BBC World Service
- El Partidazo de COPE COPE
- Herrera en COPE COPE
- The Dan Bongino Show Cumulus Podcast Network | Dan Bongino
- La Noche de Dieter esRadio
- Affaires sensibles France Inter
- La rosa de los vientos OndaCero
- Más de uno OndaCero
- La Zanzara Radio 24
- Espacio en blanco Radio Nacional
- L'Heure Du Crime RTL
- El Larguero SER Podcast
- Nadie Sabe Nada SER Podcast
- SER Historia SER Podcast
- Todo Concostrina SER Podcast
- 安住紳一郎の日曜天国 TBS RADIO
- TED Talks Daily TED
- The Tucker Carlson Show Tucker Carlson Network
- 辛坊治郎 ズーム そこまで言うか! ニッポン放送
- 飯田浩司のOK! Cozy up! Podcast ニッポン放送
- 武田鉄矢・今朝の三枚おろし 文化放送PodcastQR
Outros Podcasts de Notícias e Política
- Les Grosses Têtes RTL
- L'œil de Philippe Caverivière RTL
- C dans l'air France Télévisions
- Bercoff dans tous ses états Sud Radio
- La chronique d'Aymeric Lompret Radio Nova
- Hondelatte Raconte - Christophe Hondelatte Europe 1
- LEGEND Guillaume Pley
- Stammplatz – Fußball News täglich BILD
- L’heure du crime : les archives de Jacques Pradel RTL
- L'Heure des Pros 2 CNEWS
- Νίκος Μπογιόπουλος Νίκος Μπογιόπουλος
- Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
- LANZ & PRECHT ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
- Les Carnets du monde - Sophie Larmoyer Europe 1
- Es la Mañana de Federico esRadio
- INFOWAR Aris Chatzistefanou
- Entrez dans l'Histoire RTL
- RONZHEIMER. Paul Ronzheimer
- Hondelatte Raconte - Cote B Europe 1
- Der Tag Deutschlandfunk