Nach Genre filtern
- 4227 - Booker Prize (3) - Headshot vun der Rita Bullwinke
An enger Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett a "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood beschwätzt de Jeff Schinker dës Woch "Headshot", den Debutroman vun der Amerikanerin Rita Bullwinkel - ee Roman, dee sech mat der Welt vum Fraeboxe beschäftegt.
Fri, 13 Sep 2024 - 4226 - Fräiheetsconcert vu Beetebuerg
De Sonndeg, de 15. September 2024 um 17 Auer, invitéiert d'Militärmusek ënner der Leedung vum Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun zesumme mam Amstel Quartet op de Fräiheetsconcert zu Huncheréng. De Concert fënnt am Kader vum 80. Anniversaire vun der Liberatioun vu Beetebuerg statt. Um Programm stinn ënner anerem Wierker vun de Komponiste Pol Albrecht, Marco Pütz, Georges Sadeler an Thomas Doss. Fir iwwer dësen Event ze schwätze waren de Komponist Marco Pütz wéi och den Olivier Sliepen vum Amstel Quartet am Interview beim Lex Kauffmann, fir iwwer de Programm an de Kader ze schwätzen.
Fri, 13 Sep 2024 - 4225 - Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:inne fir erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d’lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
Fri, 13 Sep 2024 - 4224 - Rentrée littéraire (1): "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri
Am September ass net just Rentrée scolaire, mee och Rentrée littéraire a Frankräich - dëst Joer sinn et zwar manner Bicher wéi dat Joer virdrun, mat 459 fält et wuel awer net just de Lieser:inne schwéier, eng Wiel ze treffen, mee och de Schrëftsteller:innen, erauszestiechen. Iwwer déi nächst puer Méint stellt d'Kulturredaktioun Iech hir Wiel vir. Den Ufank mécht "Le club des enfants perdus" vun der Rebecca Lighieri - e Roman, deen d’lescht Woch an der éischter Selektioun vum Prix Goncourt zeréckbehale gouf. Eng gutt Entscheedung, fënnt de Jeff Schinker.
Thu, 12 Sep 2024 - 4223 - Die Mausis - In einem blauen Mond
Mat neie Placke vun International Music an Die Nerven am September an Isolation Berlin am Oktober, steet déi däitsch Indie-Musek grad ënner engem gudde Stär. Éier mir eis awer mat de Placke vun deene schonn etabléierte Bands beschäftegen, beschwätzt d'Claudia Klasen den Debut-Album vun der Band Die Mausis.
Thu, 12 Sep 2024 - 4222 - David Gilmour - Luck and Strange
Den David Gilmour huet an de 60er a 70er Joren als Gittarist vun der Mammut-Rockband Pink Floyd Museker op der ganzer Welt inspiréiert: mat klassesche Rhythm & Blues-Wendungen a mesuréierten, dacks sensibele Gittarsoloen, déi esou einfach kléngen, an déi him dach esou einfach keen nogemaach huet. 2024 ass de Gilmour 78 Joer al a bréngt eng Vanité eraus. Seng 5. Solo-Plack geet iwwer d’Al ginn an d’Vita Brevis, wéi kuerz also eist Mënscheliewen hei op der Äerd ass.
Thu, 12 Sep 2024 - 4221 - De Konschtstudent Frank Daubenfeld tëschent Wien a Veianen
Frank Daubenfeld ...Hm, deen Numm seet Iech näischt? Eventuell well de Frank Daubenfeld zanter gutt 10 Joer fir verschidde Konschtstudien am Ausland war: no Mainz a Stroossbuerg lieft a schafft hien zanter 2018 zu Wien. Seng Disziplin? D’Molerei. A mat där huet hien d’Membere vun der Veianer ASBL Viart nawell iwwerzeegt, esou datt si hien ufanks Summer zum Gewënner vun hirer 3. Biennale des étudiants en art et jeunes artistes an der Veiner Konstgalerie gemaach hunn. De Präis: 3 Wochen organiséiert Kënschtlerresidenz an der Veiner Konstgalerie. D’Kerstin Thalau huet um Enn mam Frank Daubenfeld Bilan gezunn.
Wed, 11 Sep 2024 - 4220 - pOpera mat der Fondation EME
pOpera, dat ass den Numm vun engem Projet, deen d’Fondation EME vum 5. August bis den 12. September organiséiert. D’Finalitéit: d’Opféierung vun enger Pop Oper den 11. an den 12. September an der Philharmonie. De Projet geet awer vill méi wäit, wéi just d’Prouwen an d’Opféiere vun enger Oper. Et ass en inklusive Projet, deen duerch déi transformativ Kraaft vun der Musek Guddes bewierke wëllt. Wat genee, dat verréit de Paulo Lameiro, Directeur artistique am Gespréich mam Marie Trussart. An och firwat hie senger Meenung no scho längst seng Ziler erreecht huet, bevir d'Oper iwwerhaapt opgeféiert gouf.
Tue, 10 Sep 2024 - 4219 - Eng Trilogie française
D’Stare vun eiser leschter “De Grousse Kino”-Sendung waren dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d’Schéier tëschent Räich an Aarm duerstellen. Bedeit an dëse Fäll, datt déi sozial Ugepasst just um Bord virkommen, an de Schwéierpunkt op déi geluecht gëtt, déi duerch d’Masche vum System gefall sinn. Zum Beispill am Christophe Duthuron senger Comédie dramatique “Fêlés”. Dozou de Jeff Schinker an d’Vesna Andonovic
Tue, 10 Sep 2024 - 4218 - Mostra (3) Lëtzebuerg setzt op virtuell Realitéiten
D’lescht Woch war déi 81. Editioun vun der Mostra de Venise, dem Venedeger Filmfestival. An der Kategorie XR Immersive hunn zwou lëtzebuergesch Produktiounen e Präis gewonnen. Dëst Joer war Lëtzebuerg mat 6 Filmer dobäi a vun de selektionéierten Oeuvrë ware 5 Wierker VR Créatiounen. Wéi dës Wierker zu Lëtzebuerg produzéiert goufen, a wéi de VR-Marché seng Weeër op Lëtzebuerg fënnt, erzielt d’Lucie Wahl an engem Reportage.
Mon, 09 Sep 2024 - 4217 - Kulturagenda
Buergfest, Hip Hop, Rousen, Oper a Foodtrucks; dat a villes méi am Kulturagenda vun der Woch. Mam Nicolas Calmes.
Mon, 09 Sep 2024 - 4216 - Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit
An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.
Fri, 06 Sep 2024 - 4215 - Oasis - De Comeback
15 Joer nom leschte grousse Sträit tëschent dem Noel an dem Liam Gallagher hunn Oasis hire grousse Comeback annoncéiert. Wärend d'Fans begeeschtert sinn, an d'Ticketen sech wéi waarm Bréidercher verkafen, ass dës Nostalgie fir déi sougenannte Lad-Culture - déi Männer bezeechent, déi gären drénken, Fussball kucken a problematesch - dacks sexistesch - Remarquë maachen, am Kontext vun haut net ganz onproblematesch. Ee kritesche Bäitrag vun der Claire Barthelemy
Fri, 06 Sep 2024 - 4214 - Déi 81. Mostra vu Venedeg (2)
Nodeems de Marc Trappendreher eis lescht Woch “Maria” vum Pablo Larraín an “Beetlejuice Beetlejuice” vum Tim Burton virgestallt hat, verréit hien eis an enger zweeter Reportage direkt vum Lido, wisou Muechtverhältnisser de roude Fuedem vun der Competitioun sinn - an illustréiert dat un de Kuerzbespriechungen vu "Babygirl" vun der Halina Reijn, "The Room Next Door" vum Pedro Almodóvar an "The Brutalist" vum Brady Corbet.
Fri, 06 Sep 2024 - 4213 - Téin a Waasser zu Esch-Sauer
Wann een an der Géigend vun Esch-Sauer um Ufer vum Floss ënnerwee ass, stéisst een den Ament net nëmmen op Wisen, Waasser a Fielsen. Am Kader vum WaterWalls Festival sinn nämlech véier Konscht-Installatiounen un der Sauer ze fannen, déi alleguer op hier eege Manéier mam Waasser interagéieren. Eng dovun heescht “Aquacanta”, an ee vun hire Kreateuren - den Olivier Lacrouts - huet dem Joé Birchen méi iwwer d’Entsteeung vun der Installatioun verroden.
Fri, 06 Sep 2024 - 4211 - "Ech hunn d'Geschicht misste verbéien, fir se net op Brutalitéit ze reduzéieren"
A sengem neie Roman “La Contrée obscure” (Ed. Gallmeister) erzielt den Amerikaner David Vann déi bluddeg Eruewerung vu Florida am 16. Joerhonnert duerch d’Spuenier. Zwee Personnagë sti sech géigeniwwer: de Conquistador Hernando De Soto, dee fir seng illusoresch Sich no Gold iwwer Läiche geet; an dann de Juan Ortiz, e Spuenier, deen eng Sympathie fir déi indigen Populatiounen entwéckelt huet, obwuel hie jorelaang vun Indianer gefaange gehale gouf. Fir den David Vann war dee Roman d’Geleeënheet, sengen eegene Cherokee-Originnen op de Fong ze goen. De Michel Delage huet um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam David Vann geschwat.
Thu, 05 Sep 2024 - 4210 - Wéineg Trouscht, mee ganz vill Luciditéit
An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. No "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett rezenséiert de Jeff Schinker der australescher Schrëftstellerin hire Roman "Stone Yard Devotional", an deem eng Fra sech aus engem engagéierte Liewen eraushëlt, fir iwwer den Doud vun hiren Elteren an den Zerfall vun der Welt ze meditéieren.
Thu, 05 Sep 2024 - 4209 - "It was a pitiful litttle life, but it was his": "Wild Houses" vum Colin Barrett
An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. Den Ufank mécht "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett, ee melancholesche Roman, an deem eng jonk Koppel an eng donkel Geschicht ronderëm Drogenhandel an ee Scholdebierg mat eragezu gëtt.
Wed, 04 Sep 2024 - 4208 - 32 Konschtwierker zum Theema “My last will” am Casino Lëtzebuerg
Dee lëtzebuergesch-däitsche Kënschtlerduo M+M huet sech hei am Land mëttlerweil en Numm gemaach; eventuell well si, mat hirer Konscht, anescht wéi hir Homonymmen, net fir Karies, mee fir konstruktiv Gedankenustéiss suergen. Esou zum Beispill am Casino, virun 10 Joer, mat hirer komplexer Videoinstallatioun “7 Tage”, déi en Acteur a banalen, mee an engems kontradiktoresche Situatioune weist. De Marc Weis an de Martin De Mattia, déi zu München liewen a schaffen, beschäftege sech multimedial mat der Dekonstruktioun vun Identitéiten, Netzwierker, Architekturen, enger zäitlecher Linearitéit. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir am Casino an der Ënneschtgaass eng aner M+M-Facett entdecken: hir kuratoresch Aarbecht.
Wed, 04 Sep 2024 - 4207 - Op de Spuere vum Thelma and Louise
Kënnt der iech nach un „Thelma and Louise“ erënneren? De Roadmovie vum Ridley Scott aus dem Joer 1991? Wou d’Susan Saradon an d’Geena Davis op der Flucht och nach vum JD alias Brad Pitt ëm hiert Verméige bruecht ginn? Déi zwou franséisch Autorinnen a Journalistinne Catherine Faye a Marine Sanclemente haten sech gutt 30 Joer méi spéit op d’Spuere vum Thelma and Louise gemaach. „A la vie à la mort“ ass den Titel vum Buch, deen am Verlag Paulsen erauskomm ass an déi zwou Autorinnen zeechnen hei e Bild vun den aktuellen USA. E Bäitrag zesummegestallt vum Valerija Berdi.
Tue, 03 Sep 2024 - 4206 - Déi 81. Mostra zu Venedeg
Den 28.8. huet déi 81. Mostra zu Venedeg ugefaangen, op där och eng lëtzebuergesch Koproduktioun, dem Wang Bing säin Dokumentarfilm "Youth (Homecoming)" am Wettbewerb leeft. De Marc Trappendreher ass fir eis op der Plaz - an huet sech schonn dem Tim Burton säi "Beetlejuice Beetlejuice" an dem Pablo Larraín säi "Maria" fir eis ugekuckt. Mir lauschtere seng Andréck.
Mon, 02 Sep 2024 - 4205 - Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien: "Médecine douce" vum Nicolas Rey
De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner. "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
Fri, 30 Aug 2024 - 4204 - "It was a pitiful litttle life, but it was his": "Wild Houses" vum Colin Barrett
An enger neier Serie stellt d’Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d’Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. Den Ufank mécht "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett, ee melancholesche Roman, an deem eng jonk Koppel an eng donkel Geschicht ronderëm Drogenhandel an ee Scholdebierg mat eragezu gëtt.
Thu, 29 Aug 2024 - 4203 - "No der Tragedie an der Farce widderhëlt d'Geschicht sech erëm eng Kéier als Tragedie"
Firwat kéint een d’Europäer net iwwer e Referendum ofstëmme loossen, a wéi ee Joerzéngt si nees wëllen zeréckversat ginn? Deen dystopeschen Zeenario entwéckelt de Bulgar Georgi Gospodinov a sengem drëtte Roman “Le Pays du passé” (Ed. Gallimard), deen op däitsch “Zeitzuflucht” heescht. Fir déi englesch Iwwersetzung “Time Shelter” gouf de Gospodinov d'lescht Joer mam International Booker Prize belount. De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Georgi Gospodinov geschwat.
Thu, 29 Aug 2024 - 4202 - Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee dat Ganzt baséiert op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, plus déi verstoppt Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D’Kerstin Thalau hat virun der Escher Konschthal Rendez-vous mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, fir zwou vun de Strukturen ze entdecken.
Thu, 29 Aug 2024 - 4201 - Multimedia-Kënschtler:innen hannerfroen eis digital Infrastrukture queesch duerch Esch
Mir beweegen eis dagdeeglech duerch digital Welten, wéi wa se keng Materialitéit hätten. Mee am Fong baséiert dat Ganzt op enger kolossaler weltwäiter Infrastruktur. Déi, an doriwwer eraus déi verstoppte Säit vun der Virtualitéit, interesséiert eng Abberzuel vu Multimedia-Kënschtler:innen. An och Elektron, eng kënschtleresch Plattform, déi aus Esch2022 ervirgaangen ass. De ganze Summer iwwer invitéiert Elektron, queesch duerch Esch, op de Multimedia-Parcours “Cyber Structures”. D’Kerstin Thalau huet sech, mat eiser Stagiairin Ilana Joseph, op de Wee an de Süde gemaach, fir mat der Elektron-Directrice Françoise Poos, déi eenzel Statiounen ze entdecken.
Wed, 28 Aug 2024 - 4200 - Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien: "Médecine douce" vum Nicolas Rey
De Martin Faubert, een Hausdokter mat engem zimmlech dilettantesche Sënn fir Deontologie, verléift sech onstierflech an eng knallhaart Businessfra, déi Mann a Kanner huet. Fir si vum Mann ze trennen, léisst hie mat Hëllef vun engem Kolleeg aus dem Labo hire Blutttest fälschen a jubelt hir eng fiktiv Geschlechtskrankheet ënner. "Quitte à faire quelque chose de mal, autant le faire bien" ass dat anonymt Spréchwuert, dat um Ufank vum Nicolas Rey sengem 12. Roman steet. Datt et allerdéngs onméiglech ass, sech aus enger Situatioun erauszezéien, déi op moralesch verwerfleche Prämisse baséiert, weist den Nicolas Rey a senger immens pechschwaarzer amoralescher Fabel. De Jeff Schinker huet d'Buch rezenséiert - a sech prächteg ameséiert.
Tue, 27 Aug 2024 - 4199 - “Left to Their Own Fate/ See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
Et verwonnert ... an et freet: och am digitalen Zäitalter ass den Objet-Buch net dout ze kréien. Mee wéi ass et mam Konschtbuch? De Paul an d’Claire Di Felice, also Papp an Duechter, wollten et wëssen, an hunn zesummen d’Maison d’édition “Mai” fir dës Spart lancéiert. Dëse Summer koum hir Publikatioun “Left to Their Own Fate / See Another Sea”, an enkster Zesummenaarbecht mam Konzeptkënschtler Marco Godinho, eraus. D’Kerstin Thalau huet mam Trio, e wéineg anescht, dra gebliedert.
Tue, 27 Aug 2024 - 4198 - "Er war eigentlich immer da seit dem 8. oder 9. Lebensjahr"
Den 31. August geet et lass: de Marathon mat den insgesamt 11 Sinfonië vum Anton Bruckner. Déi ginn all der Rei no op der Diddelenger Uergel am Kader vum Festival International de l'Orgue opgeféiert. Déi Fassunge fir Uergel hunn awer fir d'éischt Mol misse geschriwwe ginn. A bei esou grousse Wierker ass dat net just ee Projet fir e puer Méint. De Christophe Mirkes huet den Eberhardt Klotz, deem seng Uergel-Transkriptioune vum Bruckner senge Sinfonien zu Diddeleng gespillt ginn, getraff. Um Duxall vun der Kierch St. Martin zu Diddeleng krut hien all Froen zu deem Mammut-Projet, deem den Organist sech verschriwwen huet, beäntwert.
Mon, 26 Aug 2024 - 4197 - "Mat enger Zeechnung kann ech e Moment besser festhale wéi mat enger Foto"
Miereslandschaften a Schëffer si Motiver, déi de renomméierten Zeechner Jacques de Loustal ëmmer erëm gären op Pabeier bréngt. Rezent Beispiller sinn déi biografesch Bande dessinée “Simenon, l’Ostrogoth” (Dargaud) oder och “D’après Anita Conti” (Locus Solus), e Buch, fir dat sech de Loustal u Fotoe vun där bekannter franséischer Ozeanografin inspiréiert huet. De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo mam Loustal geschwat.
Mon, 26 Aug 2024 - 4196 - "Water, Water Everywhere, Nor Any Drop to Drink": "L'origine des larmes" vum Jean-Paul Dubois
"Il n'y a que deux dates qui comptent dans une vie. Celle de ta naissance et celle de ta mort." Bal fënnef Joer nom Prix Goncourt 2019 verëffentlecht de Jean-Paul Dubois mat "L'origine des larmes" ass een donkele Portrait vun engem Mann, dee säi Liewen am Schiet vum Doud verbréngt. Ee Roman iwwer e Mann, dee säi Papp esou intensiv haasst, datt hien de Mann erschéisst - obwuel dee längst dout ass. En enigmatesche Roman, deen net op allen Niveaue funktionéiert, fënnt de Jeff Schinker.
Fri, 23 Aug 2024 - 4195 - “Left to Their Own Fate / See Another Sea”: e Plaidoyer fir d’Konschtbuch
Et verwonnert ... an et freet: och am digitalen Zäitalter ass den Objet-Buch net dout ze kréien. Mee wéi ass et mam Konschtbuch? De Paul an d’Claire Di Felice, also Papp an Duechter, wollten et wëssen, an hunn zesummen d’Maison d’édition “Mai” fir dës Spart lancéiert. Dëse Summer koum hir Publikatioun “Left to Their Own Fate / See Another Sea”, an enkster Zesummenaarbecht mam Konzeptkënschtler Marco Godinho, eraus. D’Kerstin Thalau huet mam Trio, e wéineg anescht, dra gebliedert.
Fri, 23 Aug 2024 - 4194 - "Feminine Isolation" - Fotosaustellung vun der Anna Krieps
D'Fra an d'Weiblechkeet stinn am Mëttelpunkt vun der Anna Krieps hirer ablacklecher Fotosaustellung "Feminine Isolation", déi nach bis den 1. Oktober am Stater Restaurant Mesa Verde ze gesinn ass. Am Gespréich mam Simon Larosche erkläert déi 37-järeg Kënschtlerin, datt och hir bekannte Schwëster Vicky ëmmer nees op hire Biller ze gesinn ass. Och wa si sech dëser Deeg allebéid net méi esou dacks géife gesinn. Dëse Sonnden (25.08.) mécht d'Kënschtlerin, déi hir Zäit tëschent Lëtzebuerg an der Schwäiz opdeelt, tëschent 16:00 an 19:00 eng perséinlech Féierung duerch d'Expo.
Fri, 23 Aug 2024 - 4193 - Horse Jumper of Love
Horse Jumper of Love hu virun aacht Joer hiren Debut erausbruecht. Hire Sound ass dobäi East Coast, wéi et nëmme geet. Wärend déi Dräi bedächteg op hir eege Schung kucken, galvaniséiert de Power-Trio ronderëm dem Dimitri Giannopoulos seng Songs ëm Konflikter an der Séil an hëlt sech dobäi hei an do agoniséierend vill Zäit - Slowcore eben - ouni datt d’Lauschteren dofir géing wéidoen, ganz am Contraire. No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo sharmoneschsten.
Thu, 22 Aug 2024 - 4192 - Horse Jumper of Love
Horse Jumper of Love hu virun aacht Joer hiren Debut erausbruecht. Hire Sound ass dobäi East Coast, wéi et nëmme geet. Wärend déi Dräi bedächteg op hir eege Schung kucken, galvaniséiert de Power-Trio ronderëm dem Dimitri Giannopoulos seng Songs ëm Konflikter an der Séil an hëlt sech dobäi hei an do agoniséierend vill Zäit - Slowcore eben - ouni datt d’Lauschteren dofir géing wéidoen, ganz am Contraire. No “Heartbreak Rules”, engem Mini-Album, deen d’lescht Joer erauskoum, huet d’Band déi lescht Woch hire fënnefte Longplayer “Disaster Trick” erausbruecht, vläicht hire bis elo stëmmegsten.
Thu, 22 Aug 2024 - 4191 - Gros Coeur a Chaton Laveur: Déi belsch Zeen an der Rotonden
Gros Coeur heeschen esou, well si genee dat, een an deem aneren erkennen: ee grousst Häerz. Hiren Debut “Gros Disque” koum d’Lescht Joer eraus, mat véier laangen, danzbaren, psychedeelesch ugehauchte Rockstécker, an deene sech dat Séisst an dat Haart ofwiesselen, fir der Welt Liewensfreed entgéintzestellen. Déi véier Belsch stinn den Owend (21.8.) op der Bün vun de Rotonden zu Bouneweg, an zwee vun hinnen hu sech bei hirer Arrivée an e Gespréich mam Marc Clement agelooss: de Gittarist a Perkussionist Jimmy, an den Adrien, dee séngt an och Gittar spillt.
Wed, 21 Aug 2024 - 4190 - "Les Voyeuses“ an de Rotonden
Wien et an der Lescht bis an d’Rotondë verschloen huet, fir d’Congés annulés oder een Drink, deen huet vläicht grouss Apparater an der Géigend stoe gesinn, déi soss net do waren. Wien ee Bléck dra wot, gesäit Archivfotoe vun ale Statiounen, wou Lokomotiven ënnerhale goufen. Wien nach un der Kierb riets un de Apparater dréit, kritt, wéi bei alen Diasbrëllen, weider Fotoe gewisen: Neiinterpretatioune vun den Archivfotoe vun haitege Kënschtler:innen, déi an der Lëtzebuerger Zeen aktiv sinn. Genee dee Bléck huet den Nicolas Calmes gewot.
Tue, 20 Aug 2024 - 4189 - Kulturagenda vun der Woch
All Kuturevenementer am Iwwerbléck. Comedy op der Gare, Open Air Kino um Gaalgebierg, d’Schueberfouer, a villes méi ...
Tue, 20 Aug 2024 - 4188 - Kulturagenda vun der WochMon, 19 Aug 2024
- 4187 - Filmkritik: "Le Roman de Jim"Mon, 19 Aug 2024
- 4186 - Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden
Bei de Congés annulés geet et geschwënn an déi lescht Woch, awer nach fënnef Concerte sinn ze erliewe beim traditionelle Summer-Festival vun de Rotonden. No der duebeler Affiche Hannah Ida a Bartleby Delicate den 28. Juli ass et haut den Owend (16.8.) eng weider eenheemesch Duebel-Affiche zu Bouneweg. Ee Concert fir Rockfans, ganz kloer, Mutiny on the Bounty headlinen, The Cookie Jar Complot maachen op, a mat deenen huet de Marc Clement beim Soundcheck e puer Wuert gewiesselt, an dëser Reiefolleg: de Sven Schmäler an de Gilles Glesener.
Fri, 16 Aug 2024 - 4185 - Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d’Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten? Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d’Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output? Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D’Kerstin Thalau huet d’Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
Fri, 16 Aug 2024 - 4184 - Wéi hu mir et mam Liesen?
“Et gëtt net méi gelies”, héiert een dacks soen. Datt dat esou net stëmmt, erginn d’Resultater vun enger representativer Ilres-Ëmfro, déi de Lëtzebuerger Kulturministère an Optrag ginn huet. Erfuerscht goufen tëschent September an Oktober d’lescht Joer d’Liesgewunnechte vun de méi wéi 16 Joer ale Residenten hei am Land.
Fri, 16 Aug 2024 - 4183 - "De Wand ass eppes Logesches"Wed, 14 Aug 2024
- 4182 - Intergenerationellt Geschichtenerzielen
Déi gefeiert amerikanesch Jazzmusekerin Esperanza Spalding huet kierzlech decidéiert, deen heelenden, verbannenden Aspekt vun der Musek an de Vierdergrond vun hirer Karriär ze stellen an huet ënner anerem ee Songwright Apothecary Lab gegrënnt. Och hiren neiste Projet ass ee Projet vum Häerz: hir laang erdreemten Zesummenaarbecht mat enge vun hire musikaleschen Idoler. D‘Resultat vun der Kollaboratioun, eng Plack mam einfachen Titel “Milton + esperanza“, huet de Marc Clement Loscht eis als Albumtipp mat op de Wee ze ginn.
Tue, 13 Aug 2024 - 4181 - Eng kënschtleresch Reaktioun op de Risikomanagement am Mudam
Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d’Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten? Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d’Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output? Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D’Kerstin Thalau huet d’Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
Tue, 13 Aug 2024 - 4180 - Eemol Ofstellgleis, ëmmer Ofstellgleis: “Un coeur outragé” vum Philippe Torreton
E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d’Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d’Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
Mon, 12 Aug 2024 - 4179 - Filmkritik: "Belle enfant"
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic hunn dës summerlech franséisch Drama-Komedie am Grousse Kino beschwat.
Mon, 12 Aug 2024 - 4178 - D‘Liedersjackett an der Midlife-Crisis
En Albumtipp vun enger Legend an der US-amerikanescher Indie-Rock- an Americana-Zeen: Beachwood Sparks sinn zeréck mat enger Plack, déi un d‘2010er uknäppt, dacks op d‘70er erukënnt, an dach hir Wuerzelen an den 90er huet.
Fri, 09 Aug 2024 - 4177 - Jean-Marie Backes - Alltag im Rückspiegel
Eng Sammlung vu Reportagen huet de Jean-Marie Backes a sengem Buch "Alltag im Rückspiegel” publizéiert. Dee fréieren Tageblatt-Journalist reest mam ëffentlechen Transport duerch d’Land op der Sich no Alldagsgeschichte vun haut a vu fréier. D‘Valerija Berdi mat Detailer. D‘Wierk kann een an de Librairien oder direkt beim Auteur ënner backes@pt.lu bestellen.
Fri, 09 Aug 2024
Podcasts ähnlich wie Kultur
- El Partidazo de COPE COPE
- Herrera en COPE COPE
- The Dan Bongino Show Cumulus Podcast Network | Dan Bongino
- Es la Mañana de Federico esRadio
- La Noche de Dieter esRadio
- Dateline NBC NBC News
- El colegio invisible OndaCero
- La rosa de los vientos OndaCero
- Más de uno OndaCero
- Espacio en blanco Radio Nacional
- L'Heure Du Crime RTL
- El Larguero SER Podcast
- Nadie Sabe Nada SER Podcast
- SER Historia SER Podcast
- Todo Concostrina SER Podcast
- 安住紳一郎の日曜天国 TBS RADIO
- TED Talks Daily TED
- The Tucker Carlson Show Tucker Carlson Network
- 辛坊治郎 ズーム そこまで言うか! ニッポン放送
- 飯田浩司のOK! Cozy up! Podcast ニッポン放送
- 武田鉄矢・今朝の三枚おろし 文化放送PodcastQR
Andere Nachrichten und Politik Podcasts
- L'œil de Philippe Caverivière RTL
- RONZHEIMER. Paul Ronzheimer
- Les Grosses Têtes RTL
- Hondelatte Raconte - Christophe Hondelatte Europe 1
- C dans l'air France Télévisions
- Maarten van Rossem - De Podcast Tom Jessen en Maarten van Rossem / Streamy Media
- Enquêtes criminelles RTL
- L’heure du crime : les archives de Jacques Pradel RTL
- Entrez dans l'Histoire RTL
- Stammplatz – Fußball News täglich BILD
- LEGEND Guillaume Pley
- Le Grand Jury RTL
- Ziggo Sport: Rondo Ziggo Sport
- LANZ & PRECHT ZDF, Markus Lanz & Richard David Precht
- Die Nachrichten Deutschlandfunk
- Global News Podcast BBC World Service
- Chiamate Roma Triuno Triuno Radio Deejay
- Vicky en Semana Semana Podcast
- Tutti convocati Radio 24
- Focus economia Radio 24