Filtrer par genre

Kultur

Kultur

radio 100,7

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

4398 - New Wave op Spuenesch
0:00 / 0:00
1x
  • 4398 - New Wave op Spuenesch

    Tëschent New Wave a Krautrock: De spuenesche Quartett Melenas presentéiert den Owend (21.11.) an der Kulturfabrik säin neien Album "Ahora“. Et ass net déi éischte Kéier, datt d'Formatioun Melenas zu Lëtzebuerg zu Gaascht ass. Mat hirem drëtten Album "Ahora" brénge si awer och en neie Sound mat.

    Thu, 21 Nov 2024
  • 4397 - "Et ass elo schonn ee Succès"

    Déi zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz ass zanter Ufank November am Bridderhaus zu Esch amgaangen. Et ass eng Concertsserie, bei där d'Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz ganz am Mëttelpunkt steet. De 24. a 27. November sinn déi nächst Concerten, an den 1. Dezember steet dann eng Table ronde a Kollaboratioun mam opus 100,7 um Programm. Vill vun den nächste Concerte si schonn ausverkaaft. Den Directeur artistique Claude Weber seet, datt een elo an der Hallschent vum Salon schonn erëm vun engem Succès schwätze kann. Dem Marie Schockmel huet de Claude Weber verroden, wat nach alles op der Affiche steet, a wéi et fir hie selwer ass mat dobäi a mattendran ze sinn.

    Thu, 21 Nov 2024
  • 4396 - De Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter

    Zënter dem Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den zweete Weltkrich, ënner anerem, d‘Liewen ënner der Diktatur a Repressioun, D‘Reaktioun vum Vollek, d‘Nazi-Strukturen ze Lëtzebuerg, d‘Konzentratiounslageren, den Holocaust, de Widderstand an d‘Nokrichszäit. De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch di ganz Ausstellung. Mir lauschteren elo den éischten Deel vun der Visitt vun dëser Expo. D‘Valerija Berdi huet dëse Bàitrag zesummegestallt. All Infoen iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.

    Thu, 21 Nov 2024
  • 4395 - Naturgewalten als Museker? Jo, dat kléngt ënner Ëmstänn richteg gutt!

    Wann op de Koppen de Wand bléist oder d’Mierwaasser spruddelt, da sinn d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen mat hirem Opnamgerät net wäit. Schliisslech hu si mat hirer Rubrik Soundatlas d’Ambitioun, all méiglech Geräischer a Kläng eenzel fir Iech anzefänken, an eventuell Lienen zu Konscht, Alldagskultur, Wëssenschaften opzeweisen. Allerdéngs ass et bei verschiddene Phenomeener guer net esou evident, se esou an d’Këscht ze kréien, wéi ee se dobaussen héiert ...

    Thu, 21 Nov 2024
  • 4394 - MERCADER: L'assassin de Trotsky

    Eng BD vum Patrice Perna a Stéphane Bervas. Et geet ëm d'Liewen an den Doud vum Leo Trotzky sengem Liewen.

    Thu, 21 Nov 2024
Afficher plus d'épisodes