Filtrar por género

Kultur

Kultur

radio 100,7

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

4375 - Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett
0:00 / 0:00
1x
  • 4375 - Booker Prize (7) "James" vum Percival Everett

    En Dënschdeg goung de prestigiéise Booker Prize un der Samantha Harvey hire schlanken, poetesch-apokalyptesche Weltraumroman "Orbital", dee mir op dëser Platz scho beschwat haten. Déi englesch Schrëftstellerin huet sech mat hirem zwar excellente Roman géint deen anere Favorit, de Percival Everett, duerchgeschloen, nawell mengt de Jeff Schinker a senger Rezensioun vum Everett sengem Roman "James", datt déi Entscheedung net ganz glécklech ass. Mir lauschteren eng Bespriechung, déi gläichzäiteg och ee Plaidoyer fir dem Everett säi Wierk ass.

    Thu, 14 Nov 2024
  • 4374 - D'Finall vum Prix Anne et Françoise Groben

    D'Finaliste vum Prix Anne et Françoise Groben sinn tëschent 18 an 22 Joer al a wäerten zesumme mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie optrieden. Den 100,7 iwwerdréit d'Finall aus der Philharmonie live vun halwer 8 un. De Christophe Mirkes gëtt eng Iwwersiicht iwwer dat dat, wat den Owend um Programm steet a wien optrëtt.

    Thu, 14 Nov 2024
  • 4373 - Nom erfollegräichen Ofschloss vum Konschtstudium direkt Prix-Pierre-Werner-Laureatin

    An eise Kulturnews hate mir Iech schonn doriwwer informéiert, datt, am Kontext vum Vernissage vum traditionellen Hierschtsalon vum CAL, de Prix-Pierre-Werner 2024 un d’Molerin Lara Weiler, Joergang 1999!, goung. Nach bis e Sonndeg inclus kënnt Dir hir priméiert Aarbechte plus déi vu weidere 45 Kënschtler:innen am Tramsschapp um Lampertsbierg entdecken. D’Kerstin Thalau war natierlech do, huet zesumme mat der Lara Weiler en Tram bis op de radio 100,7 geholl, fir hei am Studio hir Diskussioun weiderzeféieren.

    Thu, 14 Nov 2024
  • 4372 - Um Radar - de Weekend

    Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir dëse Weekend net sollt verpassen.

    Thu, 14 Nov 2024
  • 4371 - Kënne mir de Wiessel vun Dag op Nuecht, respektiv vu Summer op Wanter, och héieren?

    Mir reagéieren am Prinzip relativ sensibel op Temperaturënnerscheeder oder op de Wiessel vun Dag an Nuecht. Mee bedeit dat, datt mir déi verschidde Saisonen tatsächlech klanglech, also mat Hëllef vun eisen Oueren, auserneen hale kënnen? A ginn et Ënnerscheeder tëschent den auditive Kapazitéite vu Land- a Stadmënschen? An eisem Soundatlas, an deem mir reegelméisseg ee Klang analyséieren an d’Lienen zu Konscht, Alldagskultur a Wëssenschaft sichen, wollt de Joé Birchen et wëssen an huet d’Kerstin Thalau getest.

    Wed, 13 Nov 2024
Mostrar más episodios